Direkter, Schouldirekter, President vum Verwaltungsrot, Senateur
Member vun
Accademia Nazionale dei Lincei, Accademia Nazionale delle Scienze, Académie des sciences, Royal Astronomical Society, Peepstlech Akademie vun de Wëssenschaften, Astronomische Gesellschaft, Accademia delle Scienze di Torino
Nom Besuch vu Seminare zu Sulmona a Chieti goung hien 1838 no Neapel, fir op enger Ingenieurschoul ze studéieren. Vun 1840 un war hien astronomo alunno um Observatoire vu Capodimonte. Seng éischt mathematesch Publikatioun koum 1845 eraus. Et war seng Ofhandlung iwwer d'Ëmlafbunn vum Asteroid Vesta. D'Universitéit Neapel huet him dorophinn am Joer 1846 den Éierendoktertitel (laurea ad honorem) iwwerreecht. Vun 1860 bis zu der Emeritéierung 1889 war hien ordentleche Professer fir Astronomie, Geodesie a Mathematesch Geographie an der Universitéit Neapel. Vun 1864 bis 1889 war hien Direkter vum Observatoire vu Capodimonte zu Neapel. wou hien zanter 1855 als ee vun de wichtegsten Astronome gewierkt hat.
Zu sengen Éiere gouf den 30 Kilometer grousse Moundkraterde Gasparis souwéi d'Gasparis-Rill, eng 93 Kilometer laang Moundschlucht, déi beim Gasparis-Krater ufänkt, no him benannt.