(13) Egeria
|
Eegenschafte vum Orbit |
---|
Orbittyp |
Haaptceintureasteroid |
---|
Bezuchspositioun |
Equinoxe: J2000.0 |
---|
Grouss Hallefachs |
2,575 A.E. |
---|
Exzentrizitéit |
0,0858 |
---|
Sideresch Ëmlafzäit |
4 a 48 d |
---|
Mëttel Bunnvitess |
18,5 km/s |
---|
Inklinatioun |
16,54 Grad |
---|
Physikalesch Eegenschaften |
---|
Duerchmiesser |
217 × 196 km |
---|
Mass |
9,4 • 1018kg |
---|
Mëttel Dicht |
zirka 2 g/cm3 |
---|
Rotatiounsperiod |
7 h 3 min |
---|
Albedo |
geometresch Albedo: 0,083 ± 0,007 Radar-Albedo: 0,059 ± 0,023[1]. |
---|
Absolut Hellegkeet |
6,7M |
---|
Spektralklass |
Tholen-Klassifikation: G SMASS-Klassifikation: Ch |
---|
Entdeckung |
---|
Entdecker |
Annibale de Gasparis |
---|
Entdeckungsdatum |
2. November 1850 |
---|
Plaz |
Neapel |
---|
Den (13) Egeria ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture
Den Egeria gouf den 2. November 1850 vum Annibale de Gasparis als dräizéngten Asteroid entdeckt.
Den Himmelskierper gouf no der Quellnymph Egeria aus der réimescher Mythologie genannt.
Beschreiwung
Den Egeria beweegt sech a 4,1 Joer op enger ongeféierer Distanz vun 2,4 (Perihel) bis 2,8 (Aphel) astronomeschen Eenheeten, ëm d'Sonn. D'Bunn steet mat ongeféier 16,5° staark schréi géint d'Ekliptik, d'Bunnexzentrizitéit ass ongféier 0,086.
Mat engem mëttleren Duerchmiesser vu ronn 200 Kilometer ass den Egeria ee vun de gréissten Asteroide vun der Haaptceinture. Hien huet eng däischter kuelestoffhalteg Uewerfläch mat enger Albedo vun ongeféier 0,08. A 7 Stonnen a 3 Minutten rotéiert hien ëm seng eegen Achs.
Den 8. Januar 1992 gouf eng Stärebedeckung vum Egeria observéiert. Duerch d'Auswäertung vum Liichtbou konnt d'Gréisst vum Asteroid op 217 × 196 km bestëmmt ginn.
Mat Spektralanalyse konnt och nogewise ginn, datt den Egeria zu 10,5–11,5 % aus Wasseräis besteet[2].
Kuckt och
Portal Astronomie
Aspekter
Stationär, da réckleefeg |
Oppositioun |
Distanz |
Hellegkeet |
Stationär, da rechtleefeg |
Konjunktioun zu der Sonn
|
11. Abrëll 2014 |
3. Juni 2014 |
1,70259 AE |
10,5 mag |
23. Juli 2014 |
21. Januar 2015
|
30. Juli 2015 |
14. September 2015 |
1,75342 AE |
10,7 mag |
12. November 2015 |
3. Mee 2016
|
2. Dezember 2016 |
9. Januar 2017 |
1,43782 AE |
10,1 mag |
24. Februar 2017 |
26. September 2017
|
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ Christopher Magri, Michael C. Nolan, Steven J. Ostroc, Jon D. Giorgini: A radar survey of main-belt asteroids: Arecibo observations of 55 objects during 1999–2003. In: Icarus. Nummer 186, 2007, S. 137, DOI:10.1016/j.icarus.2006.08.018
- ↑ http://www.lpi.usra.edu/meetings/lpsc2002/pdf/1414.pdf