Duerch Gesetz vum 20. Januar2003 krut d'Regierung d'Erlabnis fir zu Lëtzebuerg-Dummeldeng en Annexgebai vum Lycée technique du Centre (LTC) ze bauen. Et gouf awer duerno festgestellt, dat et besser wier, fir en neien onofhängege Lycée opzeriichten. D'Schüler aus de fënnef provisoreschen Annexgebaier vum LTC sollten do regruppéiert ginn.
De 14. Juli2007 (Gesetz vum 9. Juli 2007) gouf dee Lycée zu Lëtzebuerg-Dummeldeng an d'Liewe geruff. Dëse krut duerch Règlement grand-ducal vum 9. Juli 2007 den Numm "Uelzecht-Lycée".
De 15. September 2007 sinn déi éischt Schoulklassen, mat ronn 600 Schüler, am Uelzecht-Lycée agezunn. D'Schoul gouf de 14. Dezember offiziell ageweit.