Well et nom Krich absënns fir en ekonomeschen Neesopbau vum Land néideg wat fir d'Beruffsausbildung nei z'organiséieren, ass am Oktober 1945 d'Gesetz vun 1929 iwwer d'Beruffsausbildung nei organiséiert ginn[1] an déi éischt Coursë vum Enseignement professionnel goufen an enger Annex vum Dominikanerklouschter um Lampertsbierg – nieft dem aktuellen LTC – ofgehalen. Den 19. Dezember 1953 ass dat neit Gesetz iwwer d'Beruffsausbildung a Kraaft getrueden[2] mat deem zu Lëtzebuerg d'Centres d'enseignement professionnel gegrënnt konnte ginn. Mam Arrêté grand-ducal vum 29. Juli 1954 goufen doropshin d'Beruffsschoulen an der Stad, zu Ettelbréck, Dikrech, Ëlwen, Wolz, Gréiwemaacher an zu Réiden geschaaft[3] an déi fréier Annex vum Klouschter gouf mat engem neie Gebai ersat.
Op Grond vum Gesetz vun 1979 iwwer d'technesch Ausbildung[4] krut d'Stater Beruffsschoul mam Règlement grand-ducal vum 28. August 1979 den neien Numm « Lycée technique du Centre »[5]. D'Schoul war vun do un en Haaptacteur wat déi technesch a berufflech Formatiounen ugeet an huet eng Rëtsch vu Formatioune wéinst Plazmanktem an anere Lycéeën uechter d'Land ugebueden.
Ëm 1980 ass en neie Fligel un d'Gebai um Lampertsbierg bäigebaut ginn.
D'Gesetz vum 4. September 1990 huet d'Beruffsausbildung reforméiert an dräi Regimmer agefouert: den technesche Regimm, d'Formatioun als Technicien an de beruffleche Regimm[6]. Am LTC goufen doropshin all Klassen am Technique, véier Formatiounen am Beräich vum Technicien an e groussen Deel vum Professionnel offréiert.
Mam Gesetz vum 3. Juni 1994 iwwer de Régime préparatoire sinn d'Klassen aus dem Complémentaire – déi bis dohin am Gebai 65 Avenue Pasteur ënnerbruecht waren – an den LTC integréiert ginn[7].
Zanter dem Gesetz vum 21. Juli 2006 kann een am LTC och de Baccalauréat international maachen[8] an den LTC ass eng « École du monde de l'office du baccalauréat International » ginn.
Wéinst de ville Schüler huet den LTC iwwer d'Joren ëmmer nees misste Klassen an anerer Gebaier ënnerbréngen (Schroerbau um Geesseknäppchen, fréiert Klouschter Saint-François, « Giele Pavillon », fréier Primärschoulen zu Dummeldeng an um Kierchbierg, Gebai 65 avenue Pasteur, …). Hautdesdaags sinn nieft dem Haaptgebai um Lampertsbierg nach Klassen um Kierchbierg, am Gebai vum fréieren Institut supérieur de technologie.