De Sportsministère (fr: Ministère des Sports, gekierzt MSP) ass e Ministère zu Lëtzebuerg dee sech ëm all d'Sujete ronderëm de Sport zu Lëtzebuerg këmmert.
Allgemenges
De Sportsministère ënnerstëtzt de Sport an der Ëmsetzung vu sengen Haaptobjektiver wéi d'Erhalen an d'Verbesserung vun der Gesondheet, d'Entfale vun der Perséinlechkeet, d'sozial Integratioun, d'Entwécklung vu gesellschaftleche Bezéiungen, grad wéi d'Erreeche vu sportleche Resultater an alle Kompetitiounen.
Kompetenz vum Ministère
D'Servicer a Verwaltungen déi ënnert d'Kompetenz vum Sportsministère falen, sinn am interne Reglement vun der Regierung festgehalen[1]. Dozou gehéieren ë. a.
- Allgemeng Sportspolitik: Sportgesetzgebung; national Koordinatioun an de Beräicher Sport a kierperlech Aktivitéit; interministeriell Koordinatioun vun de sektorielle Politicken am Zesummenhang mat der Entwécklung vun den organisatoresche Fäegkeeten an de Beräicher Sport a kierperlech Aktivitéit; Ausschaffen an Ëmsetze vun engem nationale Strategieplang
- Koordinatioun vun der staatlecher Kontributioun am Interessi vun der Entwécklung vum Fräizäit-, Kompetitiouns- a Spëtzesport; Sektioun vum Elittesport vun der Arméi; Ausbildungszentre fir jonk Athleeten; Contrôle médico-sportif; Sportlerassurance; Ënnerstëtze vum Benevolat am Sportberäich; national Sportzentren; Promotioun vum Markebild am Sportberäich
- Evaluatioun vun de wirtschaftlechen a sozialen Auswierkunge vun der kierperlecher Aktivitéit an dem Sport op d'Gesellschaft, an Zesummenaarbecht mam STATEC - Comptes satellites sport - Nei Sportaarten an nei Forme vu kierperlecher Aktivitéit – eSport
- Sport a Gesellschaft: Gesondheet, Behënnerung, Gläichstellung, Diversitéit, Integratioun am Sport; Schoulsport an ausserschoulesche Sport (an Zesummenaarbecht mam Bildungsministère; Pilotprojeten
- Institut national de l'activité physique et des sports (INAPS); Konzept an Organisatioun vun der Ausbildung vun de Sportkaderen; Ënnerstëtzung a Berode vun de Sportsfederatiounen, de staatlechen a kommunale Verwaltungen; Ausstelle vun de staatleche Breveten an den nationalen Homologatiounen
- INS; Verwaltung vun der Sportinfrastruktur; Standuert Fetschenhaff; nautesch Base um Stauséi; SportFabrik; Vëlodrom; Sportsmusée a Sportierfschaft
- Relatioune mat der Sportsbeweegung déi aus dem COSL besteet, den unerkannte Sportsverbänn an den agreéierte Veräiner; Konventiounen tëscht dem Staat an dem COSL oder de Sportsverbänn; administrativ, technesch a finanziell Ënnerstëtzung; Sportsberuffer
- Relatioune mam kommunale Secteur; Sportinfrastrukturen; Fënnefjorespläng vun de Sportsinfrastrukturen; Sportskoordinatoren
- Relatioune mam Conseil supérieur des sports, Centre national sportif et culturel, Luxembourg Institute for High Performance in Sports (LIHPS), High Performance Training & Recovery Center (HPTRC), Anti-Doping-Agence (ALAD), Sportlycée (SLL, an Zesummenaarbecht mam Bildungsministère), Luxembourg Institute of Research in Orthopedics, Sports Medecine and Science (LIROMS)
- Promotioun vun der Fuerschung an der Sportswëssenschaft an an der Sportsmedizin (an Zesummenaarbecht mam Héichschoulministère); klinesch a wëssenschaftlech Zesummenaarbecht
- International Relatiounen (an Zesummenaarbecht mam Ausseministère): Sportspolitik op EU-Niveau; Health Enhancing Physical Activity (HEPA); UNESCO / international Anti-Doping-Konventioun; Agence mondiale antidopage (AMA) - Europarot; Spiller vun der Francophonie; China Table Tennis College-Europe (CTTC-E) (an Zesummenaarbecht mam Héichschoulministère); Accorden iwwer sportlech Zesummenaarbecht mat Partnerlänner.
Kuckt och
Um Spaweck
- De Ministère op gouvernement.lu, der Websäit vun der Regierung
Referenzen an Notten
- ↑
Constitution des Ministères am Arrêté grand-ducal du 27 novembre 2023 portant approbation et publication du règlement interne du Gouvernement.
|
---|
Aktuell Ministèren | |
---|
Fréier Ministèren | |
---|
Kuckt och | |
---|
Um Spaweck | Constitution des Ministères am Arrêté grand-ducal du 27 novembre 2023 portant approbation et publication du règlement interne du Gouvernement. |
---|