Deen dacks als Ëmweltministère genannte Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit (fr: Ministère de l'Environnement, du Climat et de la Biodiversité) ass e Ministère zu Lëtzebuerg. E këmmert sech drëm, fir den Ëmweltprogramm vun der Regierung ëmzesetzen, d'Aarbechten am Beräich vun der nohalteger Entwécklung ze koordinéieren an déi adequat Mesurë fir de Schutz vun der Natur an dem Klima ze huelen.
Allgemenges
D'Zoustännegkeet vum Ministère begräift absënns d'Politik vun der nohalteger Entwécklung, de Klimaschutz an d'energeetesch Effizienz, den Naturschutz an de Schutz vum environnement humain (Loft a Kaméidi, Offäll a Ressourcen, cheemesch Substanzen).
Kompetenz vum Ministère
D'Servicer a Verwaltungen déi ënnert d'Kompetenz vum Ëmweltministère falen, sinn am interne Reglement vun der Regierung festgehalen[1]. Dozou gehéieren ë. a.:
- Allgemeng Politik an interministeriell Koordinatioun an de Beräicher vun der Ëmwelt, dem Waasser, dem Klima, der Biodiversitéit an der nohalteger Entwécklung: nationale Plang fir d'nohalteg Entwécklung; nationalen integréierten Energie- a Klimaplang; Conseil supérieur fir d'nohalteg Entwécklung; national Koordinatioun fir de Klimawandel ze bekämpfen; Strategie fir op de Klimawandel ze reagéieren; Plattform fir de Klimaschutz an eng ekologesch Transitioun; Observatoire vun der Klimapolitik; Ëmwelt-an Nuklearverantwortung
- Europäesch an international Politik (zesumme mam Ausseministère): Koordinatioun an de Beräicher Ëmwelt, Biodiversitéit, Klima an nohalteg Entwécklung; Iwwerwaachung vun den internationale Verhandlunge fir géint de Klimawandel ze kämpfen; international Klimafinanzéierung (zesumme mam Finanzministère) Green Climate Fund, Global Biodiversity Framework Fund; Ëmweltberodung; europäesch Ëmweltagence; europäesch Agence fir cheemesch Stoffer; Ëmweltprogramm vun de Vereenten Natiounen
- Ënnersichunge vum Ëmweltberäich; Sensibiliséierung, Informatioun, Ausbildung a Berodung an de Beräicher Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung
- Vermeidung vu Verschmotzung a Belaaschtung; Schutz vun der mënschlecher an natierlecher Ëmwelt; Schutz vun der Atmosphär; klasséiert Etablissementer; industriell Emissiounen; Zäregasemissiounen; Klimapakt mat de Gemengen; Klimapakt fir Entreprisen; Gestioun vun de Zäregas-Emissiounscertificaten; Promotioun vum Energiespueren an den erneierbaren Energie fir Privatpersounen an d'Gemengen; Klima- an Energiefong; Kampf géint de Kaméidi; Gestioun a Vermeidung vun den Offäll
- Schutz vun natierleche Ressourcen
- Koordinatioun vun de staatleche Moossnamen am Kader vun enger nohalteger Gestioun an dem Schutz vum Waasser
- Gestioun vun de spezielle Fongen an de Beräicher Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung
- Ëmweltverwaltung
- Naturverwaltung
- Waasserverwaltung
- Energieagence
- Klima Agence
- wirtschaftlech Interessevereenegung myenergy
Entwécklung vum Ministère
Iwwer d'Jore waren déi eenzel Ressorten deels anescht kombinéiert oder an anere Ministèren integréiert; virun 2023 huet de Ministère z. B. Ministère de l'Environnement, du Climat et du Développement durable geheescht.
Kuckt och
Um Spaweck
- De Ministère op gouvernement.lu, der Websäit vun der Regierung
Referenzen an Notten
- ↑
Constitution des Ministères am Arrêté grand-ducal du 27 novembre 2023 portant approbation et publication du règlement interne du Gouvernement.
|
---|
Aktuell Ministèren | |
---|
Fréier Ministèren | |
---|
Kuckt och | |
---|
Um Spaweck | Constitution des Ministères am Arrêté grand-ducal du 27 novembre 2023 portant approbation et publication du règlement interne du Gouvernement. |
---|