648: Den Hellege Remakel, Abt vun der Abtei vu Solignac, huet e Klouschter an de Bëscher vun den Ardennen gegrënnt. D'Stad, déi no an no entstanen ass, huet sech spéider mat hirer Nopeschuertschaft Stavelot zu enger Prënzabtei (principauté abbatiale) zesummegeschloss.
Nom 1. Weltkrich gouf vum Hellege Stull eng Diözees Malmedy fir d'Gebidder geschaf, déi bis ewell zum Bistum Köln gehéiert haten. Sou gouf d'Parkierch vu Malmedy zur Kathedral erhuewen. Déi nei Diözees ënnerstoung dem Bëschof vu Léck. 1925 ass dës nei Diözees allerdéngs ofgeschaf ginn; d'Gebitt dovun ass bei de Bistum Léck geschloe ginn. Zu Malmedy nennen awer vill Leit hir Kierch nach ëmmer "Kathedral".
De Memorial vum Massaker vu Baugnez: de 17. Dezember1944, duerch d'SS, déi 84 amerikanesch Krichsprisonnéier ëmbruecht hunn, sollt ee besichen.
Net wäit ewech läit de Circuit vu Francorchamps, wou an der Formel 1 de Grand Prix vun der Belsch ausgedro gëtt.
D'Naturreserv Héicht Venn (Hautes Fagnes) ass touristesch interessant.