Fréier hat d'Stad och en Uschloss un d'Eisebunnsnetz iwwer d'Linn38 déi vu Chênée op Plombières gefouert huet. Hautdesdaags féiert iwwer déi Streck e RAVeL.
Déi sechs Bueren, op Wallounesch Lu Six Batches, ass eng Konstruktioun aus 6 stengen Träch, vun deene jiddweree säin Numm huet, an der Legend no ee bestëmmten Zweck hat:
Lu batch à djvas: fir d'Päerd ze dränken
Lu batch à pourcès: fir d'Schwäin ze wäschen
Lu grand batch: fir d'Wäschfraen
Lu p'tit batch: fir d'Träipen ze botzen
Lu reû batch: fir den Hausgebrauch
Lu batch Lecomte: dat bescht Waasser. Der So no krut den Trach säin Numm vun der Famill Lecomte déi nëmmen aus deem Buer hiert Waasser soll geholl hunn.
D'Kierch mat dem verdréinten Tuerm
D'Kierch Saint Jean-Baptiste gouf am 17. Joerhonnert gebaut. De befestegten Tuerm, deem seng Mauren tëscht 2,5 bis 3 Meter déck sinn, ass aus dem 13. Joerhonnert an huet fréier zu der Festung vun Harve gehéiert. En ass 49 Meter héich, an en huet eng verdréint Daachspëtz.
D'Kierch gouf de 15. Mäerz1934 als Monument klasséiert.