Trois-Ponts (wa.: Troes-Ponts) ass eng belsch Uertschaft a Gemeng déi am Süde vun der Provënz Léck läit. D'Gemeng Trois-Ponts ass 1970 bei der Fusioun vun de fréiere Gemenge Wanne a Fosse entstanen. Bei der Gemengereform vun 1977 koum dunn nach d'Gemeng Basse-Bodeux derbäi.
D'Uertschaft läit do, wou d'Salm an d'Amblève zesummefléissen. Nobäi läit d'Duerf Coo a säi bekannte Waasserfall, d'Cascade de Coo.
D'Uertschaft huet hiren Numm wéinst den dräi Brécken, déi et do gëtt: déi éischt iwwer d'Amblève, déi zweet iwwer d'Salm an déi drëtt iwwer de Ruisseau du Baleur.