D'Kierch vu Bruch bei Miersch ass eng kathouleschKierch, déi 1880 als Filialkierch vun der Par Bëschdref gebaut gouf. Wéi Bruch de 5. Abrëll1906 eng eegestänneg Par gouf, gouf d'Mattheiskierch d'Parkierch vun der Bricher Par. De 7. Mee 2017 gouf d'Par Bruch, no 111 Joer, am Kader vun der Neistrukturéierung vun de Lëtzebuerger Paren, ofgeschaaft. De selwechten Dag gouf eng nei Par Äischdall-Helpert Saint-Willibrord fir d'Uertschaften aus de Gemenge Biissen, Habscht, Helperknapp a Sëll gegrënnt, déi zum Dekanat Zentrum gehéiert.
Si steet op der Kräizung vun der Duerfstrooss (rue du Village), dem CR115, mat der Areler Strooss, der N8. De Kierfecht ass nieft der Kierch ugeluecht.
1878 gouf mam Bau vun der neogotescher Kierch zu Bruch no Pläng vum Architekt Pierre Kemp ugefaangen, 1880 war de Bau fäerdeg.
Renovatioun 2005/2006
Am Virfeld vun de Centenaire-Feierlechkeete vun der Par Bruch (2006) huet d'Gemeng Béiwen-Atert d'Kierch mat der Sakristei 2005-2006 ënner dem Architekt Pierre Baumann komplett renovéiere gelooss: nei Holzvertäfelung, neie Buedembelag am Chouer, nei elektresch Leitungen, nei Luuchten, duebel Verglasung a Renovéierung vun de Kierchefënsteren op der Westsäit, nei Heizung, neien Ustrach, nei Mikrosanlag an der Sakristei nei hëlzen Trap, nei Dieren an eng Toilette stoungen um Programm.
All d'Statuen an de neogotesche Kierchemiwwel goufe poly-chroméiere gelooss an nei Teppecher, nei Sedilien an nei Schief an der Sakristei maache gelooss.
Op den Haaptaltor koumen zwou nei Statue vun der hl. Barbara an der hl. Elisabeth wärend déi zwéin Engelen nees op ee Sockel nieft den Haaptaltor gestallt goufen.
D'Uergel huet eng mechanesch Traktur, 2 Manualen a Pedall, mat Pedall- a Manualkoppelen, a besteet aus 15 Regësteren, vun deenen der 11 kléngen, a véier Extensiounen.
De Wanddrock entsprécht 62 mm Waassersail. D'Holzpäife sinn aus jugoslawescher Fiicht aus der Bukowina, an d'Uergelgehais ass aus massiver Eech.
Bei der Aweiung, sonndes den 18. Juni 1978 um hallwer véier, war de Pierre Drauth an den Henri Bausch beim Spilldësch an de Gemëschte Chouer Sängerbond Brouch huet ënner der Direktioun vum Raymond Hagen gesongen. Um Programm stounge Wierker vum Bach, Mozart an aneren.
Si gouf 2006 komplett restauréiert.
Klacken
Wéi d'Kierch gebaut gouf krut se zwou Klacken: Eng kleng (375 kg) mam Toun "Si", déi 1878 vun der Géisserei Causard vu Colmar gegoss an der Muttergottes Maria geweit gouf, an donieft déi Klack (490 kg), déi schonn 1868 gegoss war ginn an an der aler Kapell houng an déi dem Hl. Matthias geweit war. 1951 hat dës Klack awer een décke Rass opzeweisen, a konnt net méi gelaut ginn. Sou gouf vun der Firma Mabilon & Co. eng nei Klack gegoss mam selwechten Toun, "Sol#", an och dës Kéier erëm dem hl. Matthias geweit.
2006, bei Geleeënheet vum "Centenaire" vun der Par Bruch, ass d'Iddi opkomm fir e Projet, dee scho méi laang bestanen huet, ze realiséieren: D'Kierch sollt eng drëtt Klack kréien. Déi meescht Parkierchen am Land haten dräi Klacken, Bruch der awer nëmmen zwou.
No Récksprooch mat engem Klackenexpert, dem Brudder Michael Reuter OSB, huet dëse proposéiert fir nach véier Klacke bei déi aner zwou ze hänken. Nodeem de finanziellen Deel ofgeséchert war goufen déi nei Klacke vun der Klackegéisserei Maria Laach gegoss. Si goufen de 17. September 2006 vum Äerzbëschof Fernand Franck geweit an den 18. Oktober 2006 am Kierchtuerm installéiert.
Um Haaptaltor steet eng Statu vum Kierchepatréiner, dem Apostel Matthias.
An den Niewennische sti Statue vun der helleger Barbara an der helleger Elisabeth vun Thüringen.
Am Kiercheschëff hänke schéin al Statue vun den dräi Kierchepatréiner Matthias, Albinus an Celsus.
Des Weideren huet d'Kierch eng schéi Pietà an ee wäertvollen Ensembel vun der Helleger Famill (Jesus, Maria, Jousef).
Par
Geschicht vun der fréierer Par Bruch
Bruch ass eng relativ jonk Par. Si gouf eréischt de 5. Abrëll 1906 vun der Par Bëschdref ofgetrennt an zur selbstänneger Par erhuewen.
D'Kräizegungsskulptur staamt aus der Schminni vum Paschtoueschhausbüro. Et gëtt gesot, datt den Hannergrond net d'himmlescht Jerusalem géif duerstellen, mäi d'Aansebuerger Schlass