Vun 2000 bis 2011 huet de Prënz Guillaume de Verwaltungsrot vun der Fondatioun Kräizbierg presidéiert, déi sech an den Déngscht vun handicapéierte Leit setzt. Am Mäerz 2011 huet de Prënz d'Éierepresidentschaft vun dëser Fondatioun akzeptéiert.
Hie gouf den 23. Juni 2009, um Nationalfeierdag, zum Majouer vun der Lëtzebuerger Arméi ernannt. Duerch en Arrêté grand-ducal vum 25. Mee 2012 gouf hie Lieutenant-colonel genannt, an dëst mat Wierkung vum 23. Juni 2012 un[1],[2].
Wéi och säi Papp, wéi deen Ierfgroussherzog war, ass hien Éierepresident vum Board of Economic Development (zanter Ufank 2001). Hie war och zanter dem 24. Juni2005 Member vum Staatsrot, huet dee Posten awer opginn wéi e Lieutenant-Représentant genannt gouf[3].
Sou wéi säi Papp, de Grand-Duc Henri, dat am Kader vum Nationalfeierdag 2024 ugekënnegt hat[4], huet dësen den 8. Oktober 2024 dem Prënz Guillaume d'Lieutenance iwwerdroen.[5]
An der Chrëschtusproch vun 2024 huet de Grand-Duc Henri matgedeelt, datt hien den 3. Oktober 2025 zerécktriede géif, sou dass de Guillaume dann neie Grand-Duc kéint ginn.[6]
Famill
De 27. Abrëll 2012 huet hie sech mat der Gräfin Stéphanie de Lannoy verloobt. Den 19. Oktober 2012 huet de Stater Buergermeeschter Xavier Bettel d'Koppel am Gemengenhaus um Knuedler an der Stad Lëtzebuerg zivil bestuet. Déi kierchlech Feier war den 20. Oktober 2012 an der Kathedral vun der Stad Lëtzebuerg a gouf vum Äerzbëschof Hollerich zelebréiert.
De 27. Mäerz 2023 koum um 10:04 an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte an der Stad Lëtzebuerg hiren 2. Jong François Henri Luis Marie Guillaume op d'Welt.[8]