Alexandra vu Lëtzebuerg

Alexandra vu Lëtzebuerg
D'Prinzessin Alexandra (2008)
Titelen
Biographie
Gebuer 16. Februar 1991
Lëtzebuerg
Bestuet mat Nicolas Bagory
Papp Henri vu Lëtzebuerg
Mamm Maria Teresa Mestre
Geschwëster Guillaume vu Lëtzebuerg, Félix vu Lëtzebuerg, Louis vu Lëtzebuerg, Sébastien vu Lëtzebuerg
De Monogramm

D'Alexandra Joséphine Teresa Charlotte Marie Wilhelmine vu Lëtzebuerg, gebuer de 16. Februar 1991 an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte zu Lëtzebuerg, ass Prinzessin vu Lëtzebuerg a Prinzessin vun Nassau a Bourbon-Parma.

Liewen

Si ass dat véiert Kand an eenzeg Duechter vum Groussherzog Henri a senger Fra, der Groussherzogin Maria Teresa. Si ass d'Giedel vum Prënz Gabriel.

D'Prinzessin Alexandra ass zanter 2009 Titulaire vum Ordre du Lion d'or de la Maison de Nassau.

Den 22. Abrëll 2023 gouf si op der Gemeng vun der Stad Lëtzebuerg mam Fransous Nicolas Bagory bestuet, deen den 11. November 1988 an der Bretagne gebuer gouf. Eng Woch drop, den 29. Abrëll hu si sech an der Kierch Saint-Trophyme zu Bormes-les-Mimosas bestuet[1][2] a Presenz vum traditionalistesche Bëschof vu Fréjus-Toulon, dem Monseigneur Dominique Rey[3], dee politesch dem Rassemblement national nosteet an dem apostouleschen Nuntius Franco Coppola, deen d'Hochzäitsmass presidéiert huet.

De 14. Mee 2024 koum der Koppel hiert éischt Kand, Victoire, zu Paräis op d'Welt.[4]

Studium

No der Primärschoul zu Angelsbierg huet si hire Secondaire zu Lëtzebuerg am Lycée Vauban gemaach wou se 2009 den Ofschlossdiplom krut.

Si huet duerno Psychologie a Sozialwëssenschaften an den USA studéiert an duerno e Philosophieofschloss zu Paräis gemaach, mam Schwéierpunkt Eethik an Anthropologie. Si huet duerno hire Studium um Trinity College zu Dublin ofgeschloss.

Zanter 2017 huet Si e Master an interreliéise Studie vun der Irish School of Ecumenics mat enger Spezialisatioun an der Konfliktléisung.

Patronagen

D'Prinzessin Alexandra iwwerhëlt e Patronage vun der Lëtzebuerger Déiereschutzliga an der Lëtzebuerger Blannevereenegung.

Gielercher

Um Spaweck

Commons: Alexandra vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Offiziell Fotoen an exklusive Video. D'Prinzessin Alexandra an den Nicolas Bagory hu fir d'Zweet "Jo" gesot.. rtl.lu (30.4.2023). Gekuckt de(n) 1.5.2023.
  2. Prinzessin Alexandra und Prinz Nicolas. Die schönsten Bilder der kirchlichen Trauung - Ein Rückblick.. wort.lu (30.4.2023). Gekuckt de(n) 1.5.2023.
  3. (fr)Luc Caregari, Cour grand-ducale, L'évêque qui crée la controverse. Reporter.lu [€] (11.5.2023). Gekuckt de(n) 11.5.2023.
  4. Luxemburger Wort vum 15. Mee 2024, S. 63: "Nachwuchs am Hof: Prinzessin Alexandras Baby ist da"