1872-1873 war hie President vun der Chamber. De 26. Dezember1874, nom Récktrëtt vum Emmanuel Servais, gëtt hien zum Staatsminister, Regierungspresident a Generaldirekter fir Aussebezéiungen ernannt. 1882 ass hie kuerz och fir d'Finanzen zoustänneg. Ënner senger Regierung goufen d'Strofgesetzbuch an d'Schoulwiese reforméiert.
Den 20. Februar1885 huet de Blochausen missen demissionéieren, well en op der Bourse ze vill vu sengem Insider-Wësse profitéiert hat.
Vun 1893 bis 1915 war hie President vun der Société agricole grand-ducale.