Nodeems de Staatsminister Mathias Simons an och de Generaldirekter Édouard Thilges vun hire jeeweilege Funktiounen zeréckgetruede sinn[1][2], gëtt de Victor de Tornaco neie Staatsminister. Seng Regierung setzt sech esou zesummen:
Victor de Tornaco: Staatsminister, Regierungspresident, Generaldirekter fir Aussebezéiungen a Bauten[3]
Enn Mäerz 1864 ass den Neuman zeréckgetrueden[7] an doropshi gëtt d'Regierung nei organiséiert, andeem véier Generaladministratioune festgehale ginn[8]:
Affaires étrangères, dozou gehéiert ë. a. och: Milice et affaires militaires, Cultes, Sciences et arts, Agriculture, commerce et industrie, Fêtes et cérémonies publiques
Intérieur et Travaux publics, dozou gehéiert ë. a. och: Administration communale, établissements et travaux communaux, Administration forestière, Service sanitaire, Travaux publics, Voirie vicinale, Chemins de fer, Mines
Justice, dozou gehéiert ë. a. och: Police générale, service de la gendarmerie, Presse, Instruction supérieure et moyenne, Instruction primaire, écoles normales
Finances, dozou gehéiert ë. a. och: Contributions directes, accises, cadastre, régie du sel, poids et mesures, Caisse d'épargne, Enregistrement et domaines, Douanes
D'Regierung ass elo esou opgestallt:
Victor de Tornaco: Staatsminister, Regierungspresident, Generaldirekter fir Aussebezéiungen
Ernest Simons: Generaldirekter fir den Interieur an Ëffentlech Aarbechten[9]
Jean Ulveling: Generaldirekter fir d'Finanzen. Hien ass zäitweis (vum 29. Juni 1864 un) Delegéierten vum Staatsminister fir verschidden Aufgaben déi ënnert d'Aussebezéiunge falen[10].
Vum 26. Januar 1866 bis den 3. Dezember 1866
Wéinst enger Reorganisatioun vun de Regierungsdepartementer kënnt et zu enger neier Opdeelung vun de Portefeuillen. De Ressort vun den Ëffentlechen Aarbechten (Travaux publics, Voirie vicinale, Mines, Usines sur les cours d'eau, Machines à vapeur) gëtt an d'Generaldirektioun fir Aussebezéiunge geprafft, iwwerdeems d'Eisebunn an den Telegrafendéngscht an d'Finanze wiesselen[11].
D'Ressorte sinn elo esou verdeelt:
Victor de Tornaco: Staatsminister, Regierungspresident, Generaldirekter fir Aussebezéiungen
De Vannerus an de Simons demissionéieren[12][13], et gëtt en neie Generaldirekter ernannt an d'Regierung gëtt reorganiséiert[14]. Aus bis elo véier gëtt et vun elo u just nach dräi Generaldirektiounen (d'Justiz an d'Finanze ginn zesummegeluecht)[14].
Victor de Tornaco: Staatsminister, Regierungspresident, Generaldirekter fir Aussebezéiungen
Den Ulveling läit säi Mandat néier[16], a seng Plaz kommen de Jean Colnel-d'Huart an de Félix de Blochausen[17]. D'Regierung besteet nees aus véier Generaldirektiounen[18]:
Affaires étrangères
Intérieur, kritt d'Ëffentlechen Aarbechten (Travaux publics, Voirie vicinale, Mines, Usines sur les cours d'eau, Machines à vapeur) vun den Affaires étrangères zeréck
Justice, kritt Agriculture, commerce et industrie vun den Affaires étrangères zeréck
Finances
D'Generaldirektioune sinn elo esou opgedeelt:
Victor de Tornaco: Staatsminister, Regierungspresident, Generaldirekter fir Aussebezéiungen
Mat der Demissioun vum de la Fontaine[19] gëtt d'Regierung alt nees reorganiséiert an et bleiwe provisoresch just nach dräi Generaldirektiounen (déi fir d'Justiz gëtt ofgeschaaft)[20]:
Victor de Tornaco: Staatsminister, Regierungspresident, Generaldirekter fir Aussebezéiungen; provisoresch derbäi ass och elo ë. a.: Agriculture, commerce et industrie
Jean Colnet d'Huart: Generaldirekter fir d'Finanzen; provisoresch derbäi ass och elo ë. a.: Service sanitaire, Postes et messageries, Bienfaisance publique
Félix de Blochausen: Generaldirekter fir den Interieur; provisoresch derbäi ass och elo ë. a.: Ordre judiciaire, Police générale, Service de la gendarmerie, Presse
Den 3. Dezember1867 koum et zu engem majoritäre Vott géint d'Regierung de Tornaco, där d'Oppositioun virgeworf huet, bei de Verhandlungen zu London eng ze vill passiv Haltung ageholl ze hunn. Den Emmanuel Servais gouf als Nofollger vum de Tornaco bestëmmt.