Béibreg gouf virun zirka 2000 Joer als Verkéiersachs tëscht Lyon, Metz, Tréier a Köln als kleng Siidlung mam Numm Vicus Beda gegrënnt. Dës gouf ëm 330 zu engem Kastell ausgebaut, do, wou haut nach de Stadkär ass. 715 gëtt Béibreg eng éischt Kéier als Castrum bedense an engem Dokument ernimmt. 1262 kritt Béibreg Stadrechter iwwerdroen. Béibreg huet fréier zu der Grofschaft Lëtzebuerg, duerno zum Herzogtum gehéiert.
1815 goungen d'Territoiren ëstlech vu Musel, Sauer an Our (an domat och Béibreg) un déi preisesch Rhäinprovënz, Béibreg gouf Kreisstadt. Am Zweete Weltkrich gouf et zu 85 % zerstéiert. Nom Krich war fir e puer Joer e lëtzebuergescht Batailloun als Besatzungstrupp zu Béibreg stationéiert; 1955 hunn d'Fransousen dës Roll iwwerholl, an duerno bis zum Enn vun der Besatzung d'Amerikaner.