D'Aline de Saint-Hubert, gebuer den 22. August1874 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 20. Januar1947 zu Cabris, a Frankräich, war eng lëtzebuergesch Fërderesch vu Konscht a Literatur. 1894 ass si mam jonken Ingenieur Émile Mayrisch bestuet ginn. Duerno ass si och ënner dem Numm Aline Mayrisch oder Aline Mayrisch-de Saint-Hubert bekannt ginn.
Der Aline de Saint-Hubert hir Famill war vun Dikrech, an hat e Holzgrousshandel an der Stad. Tëscht 1889 an 1890 war si Schülerin am Pensionat "Sartorius" zu Bonn. Mat 20 Joer huet se sech mam Émile Mayrisch betuet. D'Koppel krut 2 Kanner: de Jean, deen als Puppelche gestuerwen ass, an d'Andrée (1901-1977).
1895 gouf d'Aline Mayrisch Membre protectrice vun der belscher satiresch-kritescher Wochenzäitschrëft Pan, an 1898 Mataarbechterin vun der Avant-garde-Revue L'Art Moderne vu Bréissel. An där Revue verëffentlecht s'en Artikel iwwer dem André Gide säin Immoraliste. 1902 gëtt se Mataarbechterin vum Jahrbuch für bildende Kunst.
Mä och op sozialem Plang huet d'Aline Mayrisch-de Saint-Hubert sech engagéiert: 1906 huet se mat d'Association pour les Intérêts de la Femme gegrënnt, déi deenen Äermste gehollef huet an de Meedercher eng Schoulbildung erméiglecht huet.
Si huet och matgewierkt, datt de Meedercherslycée an der Stad, den haitege Lycée Robert-Schuman, gegrënnt gouf.
1928 stierft hire Mann stënterlech bei engem Autosaccident zu Châlons-sur-Marne. Am selwechte Joer gëtt d'Aline de Saint-Hubert Vizepresidentin vum Roude Kräiz, an 1933 Presidentin. Si huet och aner gemengnëtzeg Organisatioune mat an d'Liewe geruff, wéi d'Ligue contre la Tuberculose, d'Ligue Anticancéreuse, oder déi éischt Crèche zu Esch-Uelzecht. Och de Bau vun der Maternité an der Stad Lëtzebuerg ass op hiert Wierken hin zeréckzeféieren.
1939 ass d'Aline de Saint-Hubert op Cabris, a Südfrankräich, geplënnert, wou se 7 Joer méi spéit gestuerwen ass. Hiert Schlass zu Kolpech huet se dem Roude Kräiz, zesumme mat engem Pak Aktien, testamentaresch vermaach. Do ass se am Park, nieft hirem Mann, begruewen.
"Correspondance 1907-1946: Aline Mayrisch - Jean Schlumberger". ISBN 2-87984-036-8
"Correspondance 1903-1946: André Gide - Aline Mayrisch". ISBN 2-07-072946-X
"Correspondance 1912-1925: Aline Mayrisch - Jacques Rivière". Centre d'Études gidiennes, 2007.
"Korrespondenz 1919-1953: Ernst Robert Curtius - Aline Mayrisch". Universitätsbibliothek Bonn.
Christoph Dröge: "Die unsichtbare Autorin. Aline Mayrischs Beiträge in der 'Nouvelle Revue Française'" - bibnet.lu
Tony Bourg, 1994, "Recherches et conférences littéraires: recueil de textes", éd.: Jean-Claude Frisch, Cornel Meder, Jean-Claude Muller et Frank Wilhelm. Ministère des affaires culturelles, Luxembourg, Imprimerie Saint-Paul - bibnet.lu
Hand-Out: Catherine Gravet, Colloque de Colpach, 2007.
Catherine Gravet: "D'un portrait graphologique", BAAG n°155, Juli 2007, (sur Hélène Legros et la graphologie).
Cahiers André Gide 19. Correspondance avec Marc Allégret, erausginn a kommentéiert vum Masson Pierre et Claude Jean. ISBN 2-07-077565-8
Literatur
Jean Leyder, 2023, Aline Mayrisch und Meister Eckhart, Die Warte, 7|2750, S. 12-14, Luxemburger Wort, 2. 3.2023
Germaine Goetzinger, 2022, Aline-Mayrisch-de Saint-Hubert 1874-1947, Ein Frauenleben im Spannungsfeld von Feminismus, sozialem Engagement und Literatur, Éditions Guy Binsfeld, 504 S., ISBN 978-99959-42-79-3
Marc Thill, 2022, "Mir war die mutige, innovative aline Mayrisch wichtig", Diese starke Frau ist nicht genügend präsent in der Gesellschaft, bedauert Germaine Goetzinger, die nun eine Biografie zu aline Mayrisch vorgelegt hat, Luxemburger Wort, 11. Oktober 2022, S.34-35
Franck Colotte, 2022, L'héritage d'Aline Mayrisch, Entre legs culturel et engagement social, Die Warte, 4|2711, S. 2-3, Luxemburger Wort, 27. Januar 2022
Germaine Goetzinger, 2022, Aline Mayrisch und Otto Bartning, Zoom auf das Literaturarchiv: an der Schnittstelle von Architektur und Literatur, Die Warte, 3|2710, S. 2-3. Luxemburger Wort, 20. Januar 2022
Germaine Goetzinger, 2008. Aline Mayrisch-de Saint-Hubert. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 103-108. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg.
Gilbert Trausch, 1999. Le maître des forges Emile Marisch et son épouse Aline. Puissance et influence au service d'une vision. Lëtzebuerg.
Muller, Joseph-Émile, 1978. Les tableaux de Madame Mayrisch. pp. 198–201 in: Stumper, Robert (Ed.), 1978. Colpach. 292 p., 2e éd., revue et augm. Impr. Victor Buck, Luxembourg. [éd. par un groupe d'amis de Colpach]