Den Alfred Steinmetzer, gebuer den 2. Februar 1918 zu Rouspert, a gestuerwen den 31. Mee 2007 zu Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Kënschtler a Geodet an eng bedeitend Perséinlechkeet vum Monumenteschutz zu Lëtzebuerg.
Hien huet sech fir d'Erhalen an d'Revalorisatioun vum Lëtzebuerger Patrimoine am Allgemengen a vun de Buergen a Schlässer, am Speziellen, agesat.
Hie war awer och e bedeitende Moler, dee bei de Professere Wirion a Reckinger an op der Akademie zu München studéiert hat.
Hie war bestuet a Papp vun der Christiane Steinmetzer[1] a vun der Marianne Steinmetzer.
Studien
Karriär
Weider Funktiounen
Auszeechnungen
Wëssenschaftlech Aktivitéiten
- Restauratioune vun de Buergen / Schlässer: Buerg Klierf, Buerg Veianen, Schlass Buerglënster, Schlass Miersch, Buerg Huelmes, Buerg Buerschent;
- Ofsécherungsaarbechte bei de Buergen / Schlässer: Buerg Esch-Sauer, Buerg Useldeng, Buerg Hesper, Buerg Branebuerg, Buerg Beefort, Gehaansbierg
- Opwäertung vu follgende Plazen: Reschter vun der Buerg um Bockfiels zu Lëtzebuerg, Péitrus a Paulus-Kierch Iechternach
- Publikatiounen iwwer d'Erhale vu Buergen a follgende Serien: Burgen und Schlösser; Denkmalpflege in Rheinland-Pfalz; ARX Castellum; Hémecht; Cahiers de Bourscheid; Bulletins de l'institut international des châteaux historiques; Châteaux forts; Ville et forteresse.
Kënschtleresch Aktivitéiten
International Ausstellungen
Kollektiv Ausstellungen
- Salone vum Cercle artistique de Luxembourg
- "La femme dans la peinture luxembourgeoise"
- "Autoportraits de peintres luxembourgeois", Villa Vauban, Lëtzebuerg
- "La gravure luxembourgeoise", Déiferdeng
- Ausstellung vu Gravure mat dem Roger Bertemes, Luxembourg, 1967
- Ausstellung vu Gravure mat dem Frantz Kinnen an dem Roger Bertemes, Köln, 1969
Perséinlech Ausstellungen
- Konschtgalerie vun der Gemeng Esch/Uelzecht an de Joren 1974, 1980 an 1986
- Buerschter Schlass, Juni bis September 1987
Wierker (Auswiel)
Dem Alfred Steinmetzer seng Wierker si breet verspreet:
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ D'Christiane Steinmetzer war Direktesch vum Service des sites et monuments nationaux vun 2004 bis 2008
- ↑ Deemools "Ministère de l'instruction publique, des arts et des sciences".
- ↑ 3,0 3,1 1971 gouf de Service des monuments historiques per Gesetz gegrënnt, cf.: Règlement ministériel du 13 mai 1971 portant création d'un service des monuments historiques, Mémorial A n°35:539, 29. Mee 1971. 1977 gëtt dës Verwaltung per Gesetz reforméiert an heescht vun elo un Service des sites et monuments nationaux a si gëtt vun engem Conservateur en chef, cf. geleet. Loi du 19 septembre 1977 portant création d'un Service des Sites et Monuments Nationaux, Mémorial A n°58: 1788-1789, 6. Oktober 1977. Eréischt 1988 gëtt den Direkteschposten an dëser Verwaltung virgesinn, cf. Loi du 28 décembre 1988 portant réorganisation des instituts culturels de l'Etat, Mémorial A n°71: 1480-1492, 28. Dezember 1988.