D'Adolphe-Bréck, och Nei Bréck genannt, ass eng Bréck an der Stad Lëtzebuerg, déi zanter 1903 d'Alstad mam Garer Quartier verbënnt. Benannt ass se nom Groussherzog Adolphe.
De Projet, eng Bréck an d'Verlängerung vum Boulevard Royal ze bauen, geet an d'Joer 1887 zeréck. D'Propositioun fir eng Bréck mat engem grousse Bou ze baue war vum lëtzebuergeschen Ingenieur Eugène Ferron. Éischt Pläng ware vum lëtzebuergeschen IngenieurAlbert Rodange[1], déi definitiv Pläng goufe vum franséischen Ingenieur Paul Séjourné opgestallt. Den Aide-conducteur des travaux publics Prosper Sivering, e Beamten am Bauteministère, krut d'Regierung souzesoen a leschter Minutt ëmgestëmmt, d'Breet vun der Bréck, déi op 14 Meter geplangt war, op 16 Meter ze vergréisseren[2].
De 14. Juli1900 huet de Groussherzog Adolphe de Grondstee geluecht, an 3 Joer drop, de 24. Juli1903, gouf d'Bréck fir de Verkéier opgemaach.
D'Adolphe-Bréck war, wéi se gebaut gouf, déi gréisst Bréck aus Hastee vun der Welt. Se ass 153 m laang an 42 m héich. Hiren Haaptbou huet eng Spanwäit vu 84,65 m. Vir- an hannendru si méi kleng Béi vun 21,60 m. D'Bréck sëtzt sech aus 2 Parallelbéi zesummen, wat et erlaabt, eng Breet vun der Strooss vun uganks 16 an haut 18,7 m z'erméiglechen. Eleng déi 2 Mëttelbéi bestinn aus 2850 m³ GilsdreferSandsteen (de Rescht gouf mat Steng vun Iernzen, Déiljen an dem Verluerekascht gebaut).
Den Numm Nei Bréck krut se, well et schonn eng Bréck iwwer de Péitrussdall gouf, nämlech d'Al Bréck, déi och "Passerell" genannt gëtt. Den Numm ass bis haut erhalen.
1961/62: D'Fuerpist kritt eng nei Stolbëtongsplack, déi 1,2 m méi breet ass;
1976: Neie Stroossebelag an Ofsécherung vun den Trëttoiren:
2003/04: Rëssstabiliséierung duerch 258 provisoresch Spanglidder.
Wéi d'Stroossebauverwaltung d'Bréck 1996 ënnersicht hat, gouf festgestallt, datt an de Bréckebéi en ettlech Steebléck Schied haten, déi op d'Trassenaarbechten aus den 1960er Joren zeréckzeféiere waren. Fir déi Rëss ze bremsen, huet d'Stroossebauverwaltung am September 2003 ugefaangen, iwwer 250 Verankerungstaangen un de Béi festzemaachen. 7 Joer drop sinn nei Rëss festgestallt ginn, an d'Staangen hunn deelweis missen ersat ginn. Et gouf kloer, datt d'Bréck eng méi grëndlech Renovéierung néideg hätt.
Renovéierung 2014-2017
Dës Aarbechte goufen tëscht 2014 an 2017 ausgefouert an hunn 63 Milliounen Euro kascht[4].
Fir d'éischt huet missen eng Deviatioun fir de Verkéier tëscht der Uewerstad an dem Garer Quartier gebaut ginn. Dofir gouf 30 m méi westlech, eng provisoresch Bréck mat dräi Bunnen an engem Trëttoir opgeriicht. Si war aus Stol a gouf wéinst hirer bloer Faarf "Blo Bréck" genannt. D'Aarbechten dozou hunn de 6. August 2013 ugefaangen a waren den 12. Abrëll 2014 fäerdeg[5]. D'Käschte vum Provisorium louche bei 23 Milliounen Euro[6].
Den 19. Mee 2014 hunn d'Aarbechten un der Adolphe-Bréck selwer ugefaangen[7]. Si gouf an eng Baatsch agepaakt, déi wéi Verband ausgesinn huet, mat der Opschrëft Guérir le Pont Adolphe. Du gouf Stee fir Steen de Belag an dann de Plateau vun der Bréck bis op d'Béi ofgedroen. D'Rëss goufe mat engem Spezialprodukt ausgefout an d'Béi mat am Ganzen 1.050 Eisestaange stabiliséiert. Iwwerdeems goufen d'Steng eenzel gebotzt a wann néideg gefléckt. Just 5 % hu missen erneiert ginn. Dono goufe se nees een nom aneren agesat. Um Enn gouf nees eng Plack fir d'Fuerbunnen dropgesat. Dës ass ewell 1,5 m méi breet wéi virdrun, wat et erméiglecht, méi Plaz fir Trëttoiren ze hunn. Ausserdeem goufe schonn d'Schinne fir den Tram geluecht, deen awer eréischt zanter Dezember 2020 iwwer d'Bréck bis bei d'Gare fiert. Bis dohi sinn d'Bussen iwwer déi Spuere gefuer.[4],[8]
Nodeems d'Nei Bréck de 25. Mäerz 2017 nees fir de Verkéier opgoung, gouf déi Blo Bréck nees ofmontéiert, an d'Metzer Plaz an d'Bréisseler Plaz nees an d'Rei gesat.
Déi provisoresch Blo Bréck gëtt gebaut (Nov. 2013)
D'Bréck mat hirem "Verband" (2016).
De 25. Mäerz 2017 konnt de Verkéier erëm iwwer déi renovéiert Nei Bréck fueren.
Vëlos- a Foussgängerbréck
Wéi déi blo Bréck bis demontéiert war, konnten och d'Aarbechten un enger Neierung fäerdeg gemaach ginn: Eng zousätzlech Bréck fir Vëlosfuerer a Foussgänger, déi direkt ënner dem Plateau vun der Bréck, tëscht de Béi, u stole Seeler, hänkt[9]. Se gouf de 17. September2017 fir de Verkéier opgemaach. Entworf gouf se vun CBA Architects.
D'Iddi fir esou eng Passerell ënnert der eigentlecher Bréck opzehänke war am Joer 2007 dem deemolegen Transportminister vun engem Vëlosaktivist, dem Jo Simon, virgestallt ginn. Déi Pläng goufen dunn awer eréischt ënnert dem François Bausch am Joer 2013 nees aus dem Tirang gezunn. Et gouf keng gréisser Oppositioun, soudatt d'Passerell dunn och esou konnt realiséiert ginn[10]. D'Bréck ass ongeféier 200 Meter laang an de Käschtepunkt fir de Bau louch bei 6,2 Milliounen Euro[11].
Am Juni 2019 gouf den Entworf vun der Passerell mat engem vun 11 "Gold Awards" beim Concours "best architects 20" ausgezeechent.[12]
Vue vu baussen op d'Passerell fir Vëlosfuerer a Foussgänger.
Vue vu bannen.
Agank op der Südsäit (Metzer Plaz)...
an op der Nordsäit (Bréisseler Plaz)
Schwësterbrécken
Et gëtt fënnef Kopien, resp. "Sëschterbrécken":
Eng Kopie vun der Adolphe-Bréck steet zu Philadelphia. Et ass d'Walnut Lane Bridge, a si ass am arméierte Bëtong gebaut.
Och de Ponte de San Jorge zu Arguisuelas (Castilla La Mancha), eng Eisebunnsbréck, gläicht der Neier Bréck, ofgesi vun e puer klenge Béi méi iwwer dem Haaptbou, dee bei där Bréck aus just engem Bou besteet.[13]
En anere Guet vun der Bréck (mat dräi amplaz véier klenge Béi iwwer dem Haaptbou) ass de Viaduc vu Lavaur, tëscht de Gemenge Lavaur a Labastide-Saint-Georges, am Departement Tarn. Et ass eng Eisebunnsbréck déi iwwer den Agoût féiert. Si ass och vum Séjourné geplangt ginn an ass haut als Monument klasséiert.
Eng weider Eisebunnsbréck iwwer den Agout ass de Pont de l'Aguillou, och Pont Antoinette genannt, zu Vielmur-sur-Agoût am Departement Tarn.
Tëscht 1908 bis 1912 ass zu Constantine an Algerien d'Sidi Rached Bréck ënner der Leedung vum Ingenieur Aubin Eyraud gebaut ginn. Och hien huet sech op d'Pläng vum Séjourné gestëtzt, hien huet d'Bréck awer verlängert fir sou de Staddeel El Kantara mat der Gare ze verbannen, déi op der anerer Säit vun deem breeden Dall vum Oued Rhumel läit.[14]
Plack op der Bréck, op der Säit vun der Uewerstad.
Referenzen an Notten
↑Den Albert Rodange hat 1895 fir eng Boubréck iwwer d'Sauer op der Buerschtermille verantwortlech gezeechent. Déi Bréck hat eng Spanwäit vun 38m, ma gouf 50 Joer méi spéit, den 21. Januar 1945 vun däitschen Zaldoten an d'Luucht gesprengt. "De Buurschter", November 2013, Säit 42 mat Fotoe vun där Bréck.
↑De Sivering war iwwerzeegt, datt nom Ferron senge Pläng, mat de Schinne vun Tram a Jangli an den Trottoire just 9 Meter Rescht bléiwe fir d'Fuerbunn, wat vill ze wéineg wier. Hien hat un de Generaldirekter (Minister) fir ëffentlech Bauten, Charles Rischard, de Premierminister Paul Eyschen an de Chamberspresident Charles-Jean Simons geschriwwen, fir hinne seng Bedenke matzedeelen. Well e keng Äntwert krut, schrouf e kuerzerhand direkt un de Groussherzog Adolphe. Dat huet him e Blâme vu sengem Minister abruecht, a wann d'Press net Wand vun der Saach kritt gehat hätt, an d'ëffentlech Debatt d'Iddi vun enger 16-Meter-Breet ënnerstëtzt hätt, wier e wa méiglech fir deen "Affront" entlooss ginn. Sou huet d'Regierung der Ännerung vu 14 op 16 Meter a leschter Minutt zougestëmmt, ier d'Aarbechte lassgoungen. Kuckt dozou: Denis Scuto: "Damnatio memoriae." in: Tageblatt 23.-26. Dezember 2017, Nr. 299, S.5.