Albert Rodange

Albert Rodange
Gebuer 25. Mäerz 1858
Fiels
Gestuerwen 22. Oktober 1927
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ingenieur
Famill
Papp Michel Rodange
D'Plack op der Neier Bréck.

Den Albert (Jean-Albert) Rodange, gebuer de 25. Mäerz 1858 an der Fiels, a gestuerwen den 22. Oktober 1927 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Ingenieur.[1]

1888 huet den Albert Rodange bei der Bauverwaltung mat schaffen ugefaangen a war vun 1891 bis 1926 Chef-Ingenieur vun där Verwaltung.

Den Albert Rodange huet eng Virreiderroll an den Diskussiounen iwwer de Bau vun der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg - Iechternach gespillt. Hien huet och déi éischt Pläng fir d'Adolphe-Bréck (Nei Bréck) an der Stad Lëtzebuerg gemaach. Zesumme mam franséischen Ingenieur Paul Séjourné sinn d'Pläng herno ëmgesat ginn.

Den Albert Rodange war de Jong vum Michel Rodange.

Gielercher[2]

Literatur

Referenzen

  1. Luxemburger Lexikon, S. 368.
  2. Doudesannonce vum albert Rodange am Luxemburger Wort vum 24. Oktober 1927