Den (8) Flora ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture, deen den 18. Oktober 1847 vum John Russell Hind als aachten Asteroid entdeckt gouf. Den Himmelskierper gouf no der Flora, der réimescher Gëttin vun der Bléi a vum Fréijoer, genannt.
Den Asteroid Flora huet en Duerchmiesser vun 135 km. Hien huet eng relativ hell Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,243. Wärend der Oppositioun erreecht den Asteroid Flora eng Hellegkeet vun 8,7 mag an ass domat ee vun den hellsten Asteroiden um Himmel.
Kuckt och
Portal Astronomie
Um Spaweck