Henri vun Oranien-Nassau (1820-1879). Hien huet sech 1853 mat der Amelia vu Sachsen-Weimar bestuet, an no där hirem Doud huet e sech 1878 mat der Maria vu Preise bestuet.
Hie war Offizéier an der brittescher Arméi a war wärend de Kricher géint den Napoléon am Spuenesche Krich als Aide de camp vum Wellington dobäi. 1813 goung hien an Holland zeréck an hat de Kommando vun der hollännescher Arméi fir géint den Napoléon wärend de Cent Jours ze kämpfen. Hie war bei der Schluecht vu Quatre-Bras a bei där vu Waterloo op der Säit vun de Coalliéierten dobäi.
Hie koum am Oktober 1840, nodeem säi Papp de Wëllem I. ofgedankt hat, op den Troun. Hie war e moderéierten Herrscher an huet, fir enger Revolution am Land aus de Féiss ze goen, 1848 Holland eng nei liberal Constitutioun ginn déi haut nach mat klengen Ännerungen a Kraaft ass.
Éierung
Fir un de Wëllem II. vun Holland z'erënneren, goufen eng Partie Strukturen opgeriicht oder no him genannt (Auswiel):
Haag, Emil, 2011. Guillaume II *1792 †1849, souverain populaire entre tous, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 242-249.
Quellen
Jean-Charles Volkmann: Généalogie des rois et des princes. Edit. Jean-Paul Gisserot (1998).