De Foerster war den zweete Jong vum Duchfabrikant Friedrich Foerster a senger Fra Hulda Foerster, gebuere Seydel.
Vun 1868 bis 1908 war hie mat der Ina Foerster, gebuere Paschen bestuet. Si haten dräi Jongen an zwou Duechteren. Hiren éischte Jong war de Philosoph a PazifistFriedrich Wilhelm Foerster (1869–1966), e Géigner vum Nationalsozialismus. Den zweete Jong war de Staudenziichter an Naturphilosoph Karl Foerster (1874–1970). Den drëtte Jong, Ernst Foerster (1876–1955), war Schëffsconstructeur bei Blohm & Voss, Chef vum Schëffswiese vun der Hamburg-Amerika-Linn souwéi Editeur vun der Zäitschrëft "Werft, Reederei, Hafen".
1858 habilitéiert hie sech op der Berliner Universitéit a gouf 1863 zum ausseruerdentleche Professer beruff. Am selwechte Joer gouf hie no der Krankheet vum Encke säi Stellvertrieder. Nom Encke sengem Doud huet hien am Joer 1865 d'Positioun vum Direkter iwwerholl, déi hie bis 1903 gemaach huet. Eng vu sengen éischten Aufgaben als Leeder vum Observatoire war d'Erneierung an d'Moderniséierung vum Instrumentarium. Sou gouf de Fraunhofer-Refrakter, mat deem den Johann Gottfried Galle am Joer 1846 de PlanéitNeptun entdeckt hat, iwwerschafft an e 7"-Meridian-Teleskop an Optrag ginn an opgestallt. Zu senge weideren Aufgaben huet och d'Organisatioun vum Zäitdéngscht gehéiert, déi genee Gradmiessung (Längen- an Breedegraden) an d'Iwwerwaachung vum Äerdmagnetismus. De Foerster huet d'Auer vum Observatoire mat elektresche Kontakten ersat an hat mat Kabel genee Zäitsignaler zu der Berliner Zentral vun der telegrafenstatioun geschéckt.
Zesumme mam Johann Jacob Baeyer hat de Foerster eng Denkschrëft "Promemoria betreffend die Organisation eines Instituts für höhere Meßkunde" opgestallt. Si hunn d'Schrëft de 16. Mäerz1867 beim Preisesche Kultusministère eragereecht. Dat hat 1870 zu der Grënnung vum Kinniklech Preisesche geodeteschen Institut zu Berlin gefouert.
De Foerster publizéiert 1871 eng Denkschrëft fir de Bau vun engem Observatoire fir d'Observatioun vun der Sonn. Dat war den Ustouss fir d'Grënnung vum Astrophysikaleschen Observatoire a spéider vum Bau vum Einsteintuerm zu Potsdam. 1874 grënnt hien d'Astronomescht Recheninstitut, dat ë. a. d'Bunne vu villen Asteroide berechent. Am Joer 1875 gëtt en zum uerdentleche Professer ernannt.
De Foerster gouf 1870 zum Direkter vun der Normal-Eichungs-Kommissioun, dat deemools sougenannt iewescht Eichamt, vum Norddäitsche Bond resp. 1871 vum Däitsche Räich bestëmmt. 1872 gouf hien als ee vun de Vertrieder vun Däitschland an den internationale Comitee vun der weltwäit eenheetlecher Aféierung vum metresche System geschéckt, aus deem d'Meterkonventioun 1875 ervirgoung. D'Verhandlunge vun der Meterkonventioun waren 1875 wéinst sengem Verhandlungsgeschéck net feelgeschloen.
Den Wilhelm Foerster hat entscheedenden Undeel un der Fuerschung vun de Liichtenden Nuetswolleken, déi vun 1885 observéiert goufen. Säi Mataarbechter Otto Jesse hat si iwwer ettlech Joer studéiert.
Zesumme mam Werner von Siemens an Max Wilhelm Meyer grënnt de Foerster 1888 déi astronomesch Gesellschaft Urania. Hie war President vun der Vereinigung der Freunde der Astronomie und kosmischen Physik, déi sech ëm eng wäit Verbreedung vun astronomeschem Wësse beméit an amateurastronomesch Aktiitéiten ureegt. Vin 1891 bis 1920 war hie President vum Internationalen Comitee fir Moossen a Gewiichtet. 1899 grënnt hie mam Carl Theodor Albrecht an Friedrich Robert Helmert den Internationale Breedendéngscht.
Festvortrag am 1. Juni 1912 im Bürgersaal (Rotes Rathaus, Berlin) zur Feier des 25-jährigen Jubiläums von Esperanto über die Bedeutung von Esperanto für alle Bereiche der Kultur.
Mitglied im Beirat der „Internacia Scienca Asocio Esperantista (ISAE)“, deren Vorsitzender Hippolyte Sebert war.
Johannes Graf: Wilhelm Foerster, Vater der Zeitverteilung im Deutschen Kaiserreich. In: PTB-Matdeelungen. 119. Joergank, Heft 3/2009 (Online; PDF; 3,6 MB), S. 209–215
Mathias Iven (Hrsg.): 3x Foerster. Beiträge zu Leben und Werk von Wilhelm Foerster, Friedrich Wilhelm Foerster und Karl Foerster. Schibri-Verlag Milow 1995, ISBN 3-928878-29-8
Wilfried Schröder: Entwicklungsphasen der Erforschung der Leuchtenden Nachtwolken. Akademie-Verlag, Berlin 1975, (Akademie der Wissenschaften der DDR, Publikatioune vum Fuerschungsberäich Geo- a Kosmoswëssenschaften 5, ISSN 0138-4600).
Wilfried Schröder: Wilhelm Foerster and the geophysical observations after the Krakatoa. In: Acta Geodaetica et Geophysica Hungarica. 43, 2008, 4, ISSN 1217-8977, S. 473–476.
Bruno Wille: Denkwürdigkeiten eines Sternsehers. In: Reclams Universum : Moderne illustrierte Wochenschrift. 27.2, 1911, S. 972–975.
J. Bauschinger: Wilhelm Foerster †. In: Astronomische Nachrichten. Band 212, 1921, S. 489.
(en) N. N.: Wilhelm Foerster. In: Monthly Notices of the Royal Astronomical Society. Band 82, 1922, S. 263 (Noruff).