Preisesch Wëssenschaftsakademie, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Accademia Nazionale dei Lincei, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften
Vun 1813 bis 1815 war hie bei de Preisen an der Infanterie, wou en zum Offizéier an duerno zum Läitnant befërdert gouf. En ass dunn op Koblenz an eng Krichsschoul gaangen, wou e sech intensiv mat der Topographie beschäftegt huet.
1861 huet hie virgeschloe ganz Mëtteleuropa ze vermoossen. Doropshin hu sech all Staate vun Europa (bis op England) gëeenegt fir Europa ze vermoossen. Hien huet dat ganzt koordinéiert. Wéinst sengem Asaz gouf hien zum President vun der neigegrënnter International Association of Geodesy, vun där hien och Grënnungsmember war, gewielt.
Literatur
Ernst Buschmann: Aus Leben und Werk von Johann Jacob Baeyer. Nachrichten aus dem Karten- und Vermessungswesen, Band 112, Institut für Angewandte Geodäsie, Berlin, 1994.
Karl Reicheneder: „Gedenkstein für J.J.Baeyer“. in Zeitschrift für Vermessungswesen (zfv), Nr. 11/1962, S. 456.
Wolfgang Dick: „Zur Vorgeschichte der Mitteleuropäischen Gradmessung“. Beiträge zum J.J. Baeyer-Symposium, Berlin-Köpenick, 5.–6. November 1994, Deutsche Geodätische Kommission, Reihe E, Band 25, 1996, Frankfurt a.M.
Herbert Pieper: „Johann Jacob Baeyer“. Beiträge zum J.J. Baeyer-Symposium, Berlin-Köpenick, 5.–6. November 1994, Deutsche Geodätische Kommission, Reihe E, Band 25, 1996, Frankfurt a.M.