Wikipedia:WikiProjet Comics

Dëst ass d' Projetssäit iwwer Comicken, am Kader vum Benoît Majerus sengem Cours Histoire de Bulles, deen am Wantersemester 2018/19 an 2019/2020 am Bachelor en Cultures Européennes op der Uni Lëtzebuerg, ugebuede gouf, resp. gëtt.
Fir eng Iddi ze kréien, wat et scho gëtt: All d'Artikelen zum Thema "Comics" op dëser Wikipedia sinn an der Kategorie:Comics zesummegefaasst.
Wichteg Informatiounen zum Schreiwe vun Artikelen
Fir déi meescht vun Iech ass dat hei déi éischt Kéier, wou der op Wikipedia schreift. Dat ass u sech keng Hexerei, ma setzt awer viraus, datt Der Iech u bestëmmte "Spillreegelen" haalt: Well dee Moment, wou der Ären Artikel späichert, publizéiert Der en als en Deel vun engem Gemeinschaftsprojet.
Ier der mat "Ärem" Artikel lassleet, huelt Iech dofir am Virfeld e bëssen Zäit fir hei ënnendrënner déi nëtzlech Linken zu Explikatiounen, wéi d'Wikipedia funktionéiert, Konventiounen zu Formatéierung, Opbau, Stil, asw. ze liesen.
Et ass besonnesch recommandéiert, sech aner Artikelen unzekucken, wéi déi opgebaut, formatéiert a geschriwwe sinn. E gudden "Test" ass et, an engem aneren Artikel eppes z'änneren, oder e klengen neien unzeleeën, fir sech vertraut ze maachen. Méi grouss Tester kann een an der "Sandkaul" maachen, ouni datt eppes op d'Kopp geheit gëtt.
D'Orthographie vum Lëtzebuergeschen ass norméiert.
Geschwat Sprooch a geschriwwe Sprooch si verschidde Sproochregister.
Zu enger akademescher Aarbecht gehéiert e feelerfräien Text, an e Stil, deen engem universitären Niveau entsprécht.

Et gëtt dofir erwaart:
- Schreift Ären Artikel fir d'éischt an engem Textveraarbechtungsprogramm. Ier der en op Wikipedia setzt, loosst en duerch de Spellchecker jauwen.
- Iwwerliest Iech selwer e puermol. An dann nach eng Kéier. Ass dat orthographesch korrekt? Seet een dat esou? Kléngt dat gutt a flësseg? Ass dat e proppere Stil?
- Loggt Iech an, wann der op d'Wikipedia gitt. Da kritt der do (ganz uewen) ugewisen, ob der Messagë kritt hutt, an et gesäit een, wie wat schreift.
- Dann eréischt den Artikel eroplueden/uleeën. Schreift {{EnCours}} driwwer, soulaang der net fäerdeg sidd. Da loossen déi aner d'Fangeren dervun, an et kënnt net zu Versiounskonflikter.
- Formatéiert en no de Wikireegelen - Iwwerschrëften, fett, kursiv, Referenzen, asw. (kuckt ënnen).
- Diakritesch Zeechen sinn am Lëtzebuergesche keng Dekoratioun, an och net optional; "frei", "fréi" a "fräi" ass net dat selwecht. Benotzt se, wou se higehéieren.
- Applizéiert dono d' 'Wiki-Prinzip' am Klengen: Schwätzt Iech zu 2-4 of, fir Iech géigesäiteg z'iwwerliesen an ze verbesseren (oder ze beschwätzen wat eventuell nach besser ze maachen ass). Besonnesch sief dat recommandéiert fir déi, déi Lëtzebuergesch net als éischt Sprooch ("Mammesprooch") hunn, datt si sech hiren Text vun engem Mammesproochler ukucke loossen.
Wat net toleréiert gëtt:
- En Artikel einfach dohisetzen an dann näischt méi dru maachen, och wann aner User op der Diskussiounssäit drop hiweisen, wat onbedéngt nach ze änneren/verbessern ass.
- E Stil, dee vum Sproochregëster hier éischter an d'Kategorie "Whatsapp Messenger" wéi "wëssenschaftlech-sachlechen Text" fällt.
- Texter, déi sech net un d'Basisreegele vun der Orthographie halen, oder déi offensichtlech keng eenzeg Kéier iwwerlies goufen.
Esou Artikele riskéieren, geläscht ze ginn.
Der kënnt allzäit Froen un aner Mataarbechter stellen (op der Diskussiounssäit vun Ärem Artikel), Der kritt dann och duer g'äntwert. Zéckt net!
E grousse Merci fir Är Mataarbecht, a vill Succès gewënscht!
Auteuren an Artikelen
Hei drënner stinn d'Nimm (Pseudonymen) vun den Auteure vun den Artikelen, déi am Kader vun deem Cours geschriwwe ginn, a vun den Artikelen, déi se op dëser Wiki geschriwwen hunn. Eng extern Lëscht mat den Artikelen, déi am Kader vum Cours realiséiert goufen, ass hei ze fannen.
2019 / 2020
An anere Sproochen
2018 / 2019
Artikelen zum Thema, déi zousätzlech baussent dem Unisseminar vun anere Mataarbechter geschriwwe goufen:
- Wolverine (Marvel Comics)
- Rantanplan
- Dalton Bridder (Lucky Luke)
- Antoine Grimée
- Jhemp (Superjhempfigur) • K. Loor-Rosen • Camille Krécher • Amnesie fir d'Monarchie • Aventuren am Schéine Stär an aner Geschichten • Bëssegt blot Blutt • Méga-Menace fir de Vëlos-Ass! • De Superjhemp géint de Kriseriis! • De Kinnek vun Öropa • Kids, Kachkéis a Kuddelmuddel! • S.O.S. Cosa Mia • Alarm Am Örozuch • Lescht Chance fir Luxusbuerg • Terror ëm den Troun • D'Patte wech vum Luxonit! • Geheimcode Bloë Stär • Operatioun Grouss Botz • Requiem fir de Superjhemp • Den Dossier Hexemeeschter • 150, rue de la Patrie • Ministère vun den ongeléiste Problemer • K. Loor-Rosen • Aktioun Réiserbunny
Nei dobäi ?
Wichteg Froen
Fir Lieser |
Fir Auteuren
ReegelenWikipedia intern |
En Artikel änneren
Wichteg FroenAuteur ginnUmellen · Astellungen (de) · De Suivi (de) · Signatur Artikel & TextÄnneren · En neien Artikel schreiwen · Artikelversiounen · Nees hierstellen (de) · Formatéieren (de) · Linken · Weiderleeden (de) · Ëmbenennen · Kommentare vun der Aarbecht (de) |
Lëschten & TabellenLëschten · Inhaltsverzeechnes · Tabellen · Titelskeletter Bild & TounBiller · Dateien · Kaarten · Wopen · Audio · Video · Billerrechter · Lizenzschabloune fir Biller |
Reegelen & Richtlinnen
GrondreegelenAllgemeng Richtlinnen · Wat Wikipedia net ass · Neutralitéit · Copyright · Wikiquette ArtikelinhaltMindestufuederungen · Stilkonventiounen · Artikel illustréieren · Quellen · Literatur · Referenzen an Notten · D'Schreifweis vum Lëtzebuergeschen · Formatéierung |
SystematikArtikelnumm-Konventiounen · Begrëffserklärungen · Lëschten · Kategorien LinkenVerlinken · Um Spaweck · Assoziativ Linken · Datebanklinken |
Wikipedia & Communautéit
Wichteg FroenInformatiounenPress · Glossar · Index · Impressum · Kontakt Iwwer WikipediaWikimedia an d'Duechterprojeten · Sproochen · Statistik · Ierbessenzielereien |
KommunikatiounBenotzer |
Content Disclaimer
Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.
- The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
- There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
- It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
- Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
- Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.