Wikipedia:Audio
|
Dësen Artikel stellt déi relevant Informatiounen a Reegele fir Toun-Dateien op der lëtzebuergescher Wikipedia duer. Allmeng Diskussiounen zu Multimedia kënnt Dir op Meta noliesen. Fir de Projet vun enger geschwatener Wikipedia, kuckt wgl. Spoken Wikipedia (en). |
Ofspille vun Audio-Dateien
Op Ärem Computer muss e Programm installéiert sinn, deen de Format vun enger Audio-Datei ënnerstëtzt. Fir d'Wikipedia sinn dëst d'Formater WAV, MIDI an Ogg Vorbis. D'Ofspille vu WAV a MIDI stellt an de meeschte Fäll onofhängeg vum Betribssystem kee Problem duer, bei Ogg Vorbis ass ënner Ëmstänn eng speziell Software oder e Plugin noutwänneg.
Ogg-Vorbis-Player
- Windows
- Coolplayer (open source GNU-GPL), foobar2000, IrfanView (ë. Ë. Plugin noutwänneg), Sonique, VLC media player, Zinf, Quintessential Player, Microsoft Windows Media Player mat Plugin (en), Realplayer-Plugin (experimentell), QuickTime-Plugin, Winamp
- Macintosh
- Audion3, MacAmp, VLC media player
Erstelle vun Audio-Dateien
Lizenz an Eroplueden
All Audio-Dateie mussen ënner enger fräier Lizenz wéi zum Beispill der GFDL oder Creative Commons stoen (kuckt Copyright). Dateien, déi dës Lizenzbestëmmungen erfëllen, oder wou d'Source net uginn ass, ginn nees geläscht.
D'Dateie solle waméiglech op d'zentralt Medië-Lager Wikimedia Commons eropgeluede ginn. Do ass et méiglech, Dateie bis zu enger Gréisst vun 20 MB eropzelueden, wat bei engem Text dee geschwat gëtt bei gudder Qualitéit onëmgänglech ass.
An de Wikipedia-Artikel abauen
Virlagen a weider Informatiounen zum Abanne vun Audiodateien an d'Wikipedia-Artikel fannt Dir op Wikipedia:Textbausteng/Multimedia.
Zoulässeg Audioformater a geeegent Programmer
Déi üblech Dateiformater fir Audio-Dateien op der Wikipedia si MIDI fir Musek an Ogg fir all Zorte vun Toundateien. Ogg ass e fräit an oppent Multimedia-Format, wat dohir am beschten dem Geescht vun der Wikipedia entsprécht. Aner Dateitype sinn net erlaabt: d'MP3-Format gëtt op Grond vu Patenter op Wikipedia net akzeptéiert (kuckt hei). D'WAV sollt net benotzt ginn, well dës Dateien däitlech méi grouss wéi déi aner zwéi Formater sinn.
Bei Ogg muss ee beuechten, datt d'Audio-Dateie je no Usprëch mat verschiddene Codecs kompriméiert kënne ginn: dobäi ass Vorbis fir allgemeng Fäll, Speex fir Sprooch-Opnamen, a FLAC fir verloschtfräi Opname geduecht.
| Commons: Méi Informatioun zu de Formater op Commons – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Ogg-Kompressioun
- Audacity an en Open-Source-Toznbeaarbechtungsprogramm fir Windows, Linux, Mac a Unix. Hie kann Toun an ënnerschiddleche Formater ofspillen, beaarbechten oder ophuelen. Fir d'Ofspillen a Konvertéiere vun MP3-Dateien mat Audacity ass LAME noutwänneg.
- Eng weider Alternativ ass Sweep.
- Midi-Konvertéierung
- Timidity ass en Open-Source-MIDI-Konvertéierungsprogramm, fir MIDI an aner Formater ëmzewandelen.
Um Spaweck
- (en) Mutopia-Project - Source fir Musek aus dem Domaine public.
Content Disclaimer
Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.
- The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
- There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
- It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
- Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
- Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.

