D'Fondatioun huet als Zil fir d'Gebuert an de Wuesstum vu Projeten z'ënnerstëtzen, déi fräit Wëssen nom WikiWiki Prinzip vermëttelen. Ausser der aktueller Enzyklopedie Wikipedia existéiert och een Dictionnaire- an Thesaurus-Projet (Wiktionary), eng Enzyklopedie mat Zitater (Wikiquote), an eng Lëscht vu Bicher déi sech haaptsächlech u Studente riicht (Wikibooks), haaptsächlech mat Wierker aus dem Domaine public.
D'Fondatioun geréiert och en Ensembel vun Artikelen a Gedenken un den 11. September. Schlussendlech geréiert d'Fondatioun och den Nupedia-Projet (wat keng Wiki ass, mä wou de Contenu trotzdeem fräi ass). Am Moment ass dëse Projet allerdéngs e bessen op Äis geluecht.
D'Mataarbechter vu Wikipedia a vun deenen anere Projeten hoffen, datt duerch eng Fondatioun sans but lucratif an duerch noutwännesch Donen de Projet um Liewe ka gehale ginn.
Beim Bekanntgi vun der Grënnung vun der Fondatioun huet den Jimbo Wales och all Copyright, all Domain Numm un d'Fondatioun iwwerschriwwen. D'informatesch Infrastruktur gouf och vum Jimbo zur Verfügung gestallt.
Et gouf schonn eng jett Diskussiounen iwwer d'Responsabilitéite vum Conseil d'Administration a si hunn e Cahier de charges opgestallt. Gouvernance Methoden no engem egalitäre Prinzip ginn envisagéiert.
Wikimedia Lëtzebuerg
Wikimedia Lëtzebuerg ass eng Associatioun, déi de 26. November 2016 gegrënnt gouf an den 1. Februar 2017 als Association sans but lucratif am Handelsregëster ënner der Referenz F11166 ageschriwwe gouf[1]. D'A.s.b.l. huet hire Sëtz an der Gemeng Leideleng.
Den Zweck vun der Associatioun ass:
d'Schafen, d'Verdeelen an de Gebrauch vu fräien edukative Contenuen ze promovéieren
dat fräit Verdeele vu Wëssen ze promovéieren
d'Projeten an d'Communautéite vun deenen ënnerstëtzen, déi bei Wikimedia bäidroen, z. B. Wikipedia, Wiktionnaire oder Wikimedia
mat der Wikimedia Foundation matschaffen an och am Reseau vun den Chapter vun Evenementer, Programmer a gemeinsamen Aktiounen
Projete mat de selwechten Ziler a Wäerter ënnerstëtzen
d'Ëffentlechkeet a punkto Problematike vun der intellektueller Proprietéit ze sensibiliséieren, besonnesch déijéineg, déi mat den Auteursrechter zesummenhänken an eng Gesetzgebung ze verdeedegen, déi souwuel am Aklang mat der intellektueller Proprietéit, wéi mat de Wäerter an Ziler vun der Associatioun ass.