WEmobilitySàrl ass eng lëtzebuergesch Bus- a Reesgesellschaft mat Sëtz zu Dikrech[1]. Se assuréiert ë. a. Buslinnen am Kader vum RGTR an de stättesche Bussen.
Geschicht
Den 3. Juli 2015 hunn d'Entreprisen Autocars Zenners a Voyages Emile Weber eng Firma mam Numm Voyages Zenners (sàrl) a mat engem Gesellschaftskapital vun 200.000 € gegrënnt. Déi zwou Firmaen haten allebéid 1.000 Parten vun 100 € an de Sëtz vun der Gesellschaft war zu Rëmerschen[2].
De 16. Dezember 2019 huet Autocars Zenners seng Parten u Voyages Emile Weber iwwerginn, woumat déi eenzegen Associé gouf[3].
Op enger ausseruerdentlecher Generalversammlung de 26. Abrëll 2022 goufen e puer Ännerungen decidéiert: d'Firma krut den neien Numm WEmobility, de Siège gouf vu Rëmerschen op Dikrech verluecht an den Zweck vun der Gesellschaft gouf erweidert a méi detailléiert beschriwwen[4].
Am Kader vun enger besserer a méi effizienter Organisatioun vu sengen Aktivitéiten am Norde vum Land, huet Voyages Emile Weber de 17. Juli 2022 en Deel vu sengen Aktivitéiten u WEmobility ofgestouss[5][6]. De selwechte Moment huet WEmobility och Voyages Wagener vu Mäerzeg, Voyages Simon vun Angelduerf a Bollig Voyages vun Iechternach iwwerholl[7].
Busse vun de fréieren Entreprisen déi vu WEmobility iwwerholl goufen