De Vermont ass e Bundesstaat am Nordoste vun den USA.
Geographie
De Vermont grenzt un d'US-Bundestaate Massachusetts am Süden, New Hampshire am Osten, New York am Westen, an d'kanadesch Provënz Québec am Norden. De Lake Champlain markéiert d'Hallschent vum Vermont senger westlecher Grenz mat New York an d'Green Mountains duerchlafen de Staat vun Norde no Süden.
Bevëlkerung
Mat ongeféier 66.000 Awunner méi wéi Wyoming ass Vermont den zweetklengsten US-Bundesstaat, wat d'Bevëlkerungszuel betrëfft. D'Haaptstad ass Montpelier, d'Haaptstad mat de mannsten Awunner an de ganzen USA. Och Burlington, d'Stad mat de meeschten Awunner am Vermont, huet nëmmen 42.000 Awunner.
2015 gouf geschat, datt ronn 620.000 Leit am Staat gewunnt hunn, vun deene sech 94,8 % als wäiss Amerikaner, 1,84 % als Hispanic/Latino, 1,3 % als Afroamerikaner, 1,6 % als asiatesch an 0,4 % als Indianer identifizéiert hunn, woubäi ee méi wéi eng Kategorie konnt uginn[1].
Ekonomie
D'Duerchschnëttsakommes louch tëscht 2010 an 2014 bei 54.447 US-Dollar pro Stot an 29.535 USD op de Kapp[1].
Biller
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ 1,0 1,1 1,2 census.gov: QuickFacts: Vermont