Pennsylvania, offiziell Commonwealth of Pennsylvania, ass e Bundesstaat am Nordoste vun den USA.
Geographie
D'Appalachen lafen duerch d'Mëtt vum Staat, deen den 33-gréisste vu 50 Gliddstaaten ass. Pennsylvania grenzt un Delaware am Südosten, Maryland am Süden, West Virginia am Südwesten, Ohio am Westen, den Erieséi an d'kanadesch Provënz Ontario am Nordwesten, de Bundesstaat New York am Norden an New Jersey am Osten.
Gréisst Stad, mat iwwer 1,5 Milliounen Awunner, ass Philadelphia, duerno kënnt Pittsburgh mat ronn 300.000 Awunner. Haaptstad ass Harrisburg.
Bevëlkerung
Pennsylvania huet déi fënneftgréisste Bevëlkerung an den USA. 2015 gouf geschat, datt iwwer 12,8 Millioune Leit am Staat gewunnt hunn, vun deene sech 82,6 % als wäiss Amerikaner, 11,7 % als Afroamerikaner, 6,8 % als Hispanic/Latino, 3,4 % als asiatesch an 0,4 % als Indianer identifizéiert hunn, woubäi ee méi wéi eng Kategorie konnt uginn[1].
Ekonomie
D'Duerchschnëttsakommes louch tëscht 2010 an 2014 bei 53.115 US-Dollar pro Stot a 28.912 USD op de Kapp[1].
Biller
-
Fallingwater, e bekannt Gebai vum Stararchitekt
Frank Lloyd Wright
-
-
De State Capitol zu Harrisburg
-
Eng Farm
-
De Lehigh River
-
De Stadion Citizens Bank Park
-
D'University of Pennsylvania
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ 1,0 1,1 1,2 census.gov: QuickFacts: Pennsylvania