De South Dakota ass e Bundesstaat an de Great Plains an am Mëttlere Weste vun den USA.
Geographie
De South Dakota grenzt am Norden un den North Dakota, am Süden un den Nebraska, am Osten un den Iowa an un de Minnesota an am Westen un de Wyoming an de Montana. Den héchste Punkt ass den Harney Peak mat enger Héicht vun 2.207 Meter. Den déifste Punkt läit op 294 m um Ufer vum Big Stone Lake. De gréissten a längste Floss ass de Missouri River, deen de Staat an eng geographesch a gesellschaftlech ënnerschiddlech ëstlech a westlech Hallschent deelt.
Bevëlkerung
2015 gouf geschat, datt iwwer 858.000 Leit am Staat gewunnt hunn, vun deene sech 85,5 % als wäiss Amerikaner, 8,9 % als Indianer, 3,6 % als Hispanic/Latino, 1,8 % als Afroamerikaner, 1,4 % als asiatesch identifizéiert hunn, woubäi ee méi wéi eng Kategorie konnt uginn[1].
Ekonomie
Obwuel d'Landwirtschaft am South Dakota traditionell eng wichteg Roll spillt, sinn d'Déngschtleeschtungen haut de gréisste wirtschaftleche Secteur am Land. Dorënner falen ënner anerem den Eenzelhandel, d'Finanzen an d'Gesondheetszerwisser. Och den Tourismus ass e wichtege Secteur.
D'Duerchschnëttsakommes louch tëscht 2010 an 2014 bei 50.338 US-Dollar pro Stot a 26.311 USD op de Kapp[1].
Biller
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ 1,0 1,1 1,2 census.gov: QuickFacts: South Dakota