Servior (Kontraktioun vu Service Senior), mam ganzen Numm Établissement public Centres, foyers et services pour personnes âgées, ass en ëffentlecht Etablissement zu Lëtzebuerg. Et bitt sozial Servicer fir Leit iwwer 60 Joer un.
Geschicht
D'Gesetz vum 23. Dezember1998[2] gesäit d'Grënnung vun zwee ëffentlechen Etablissementer vir. Op der enger Säit den Établissement public Centres, foyers et services pour personnes âgées ënner der Tutelle vum Familljeministère, an op der anerer Säit en Etablissement public Centres de gériatrie ënner der Tutelle vum Gesondheetsministère.
Duerch d'Gesetz vum 22. Dezember2000[3] gi déi béid Etablissementer zu engem eenzegen, ënner der Tutelle vum Familljeministère zesummegeschloss. Nieft de legislativen Definitiounen hunn se sech den Numm Servior (Service Senior) ginn. De roude Léiw am Logo soll un d'Wuerzelen an d'Evolutioun vu Servior erënneren, awer och d'Zeeche vu Sécherheet a Stäerkt sinn.
Strukturen
Servior leet 8 CIPAen, 6 Fleegeheemer an eng encadréiert Residenz fir eeler Leit[4]:
CIPA Wolz, am Schlass, no der Fusioun mam Fleegeheem vun der Klinick Saint-Joseph gouf d'Maison de soins „Geenzebléi” am Mee 2011 opgemaach[7]
Maison de soins Esch-Uelzecht
Servior bitt awer och nach aner Servicer fir Senioren un, sou z. B. Iessen op Rieder, e Mëttesdësch, Vakanzenzëmmeren an den Dagesfoyer „Am Gäertchen”.