De Sanatorium vu Veianen ass säit dem 1. Januar 2001 e Fleegeheem vum Etablissement Public SERVIOR. E läit no bei der Cité Scheierhaff nordëstlech vu Veianen.
Am haitege Fleegeheem kënnen 91 Leit opgeholl ginn (27 Eenzel- an 32 Zweebettzëmmeren).
Geschicht
D'Tuberkulos hat um Ufank vum 20. Joerhonnert staark zougeholl, soudatt de Bau vu spezielle Sanatorie fir Longekranker noutwenneg gouf.
1924 - D'Alters- an Invalideversécherung keeft den Terrain zu Veianen;
1979 - De Sanatorium gëtt zu engem Fleegeheem ëmfunktionéiert.
Kuriositéit
An der sougenannter „Kaul“ zu Nidderwolz steet déi mat Beem an Traisch zougewuessen 100-järeg Bauruin vun engem ni realiséierte Sanatorium fir Tuberkulosekranker. Op där Plaz erënnert eng Skulptur vun der Edmée Marth un déi Geschicht am Kader vun der Strooss vum Fridden.