Pol Tousch

Pol Tousch
Gebuer 29. Oktober 1937
Lëtzebuerg
Gestuerwen 1. November 2019
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Enseignant, Auteur, Editeur, Filmregisseur

De Pol Tousch, gebuer den 29. Oktober 1937 an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen den 1. November 2019[1], war e lëtzebuergeschen Enseignant, Auteur, Editeur a Filmregisseur.

No sengem Studium am Kolléisch an duerno an der Normalschoul, war de Pol Tousch Schoulmeeschter zu Bärel.

Déi éischt Filmer, déi de Pol Tousch gemaach huet, waren Trickfilmer. Duerno huet hie mam Marc Thoma Spillfilmer gedréit, resp. um Dréibuch matgeschafft, wéi Der Tunnel, Du sollst nicht begehren, Emil (2010) an D'Engelcher vu Schëndels (2013).

Och Schallplacken huet hie produzéiert, wéi Bye, bye, Bicycle an den Evergreen Pillo Fonken, an deem de Guy van Hulle als Imitator vum Pilo Fonck e "politesche" Foussballmatch an d'Finall vum Roland Bombardella sengem 200-Meter-Laf zu Montreal (1976) "live" kommentéiert.

Publikatiounen

  • Pol Tousch, 2005. Le contrôle des matières d'or et d'argent dans le Département des Forêts de 1795 à 1814: une administration se met en place. In: Hémecht: Zeitschrift für Luxemburger Geschichte. Revue d'histoire luxembourgeoise, 57 (2005), H. 3, S. 383-403.
  • Pol Tousch, 1998. Episoden aus der Festung Luxemburg. Luxembourg, une forteresse raconte. Éditions Pol Tousch, Lëtzebuerg, 254 S. Imprimerie centrale, Lëtzebuerg. ISBN 2-919971-05-0.
  • Pol Tousch, 1991. Dräi Krimië vum Simenon: L'amant de Madame Maigret, Étoile du Nord, a Le pendu de Saint-Pholien op Lëtzebuergesch iwwersat vum Pol Tousch. Éditions Pol Tousch, 1991.
  • Paul Tousch a Baba Tissen, 1987. Dem Foni Tissen seng Welt. Publications mosellanes (1987).
  • Pol Tousch, 1981. Ardennenchronik: Mecher-Dünkrodt und Liefringen. Luxemburg: P. Tousch, 1981.
  • Pol Tousch, 1980, Das Kochbuch aus Luxemburg, klassesch Lëtzebuerger Rezepter, Hölker Verlag, 143 Säiten.

Um Spaweck

Referenzen

  1. Luxemburger Wort 05.11.2019, S. 64, Avis mortuaires.

Content Disclaimer

Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.

  1. The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
  2. There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
  3. It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
  4. Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
  5. Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.