De Marc Thoma, gebuer 1946, ass e lëtzebuergesche Journalist a Filmregisseur.
Hien huet zu München d'Journalisteschoul absolvéiert an zu Tréier Politikwëssenschaften, Soziologie a Geschicht studéiert.
Am Kader vu senge journalisteschen Aarbechte bei RTL ëm déi sougenannt "Fierschteraffär" huet hien e Prozess géint de Lëtzebuerger Staat virum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter gewonnen[1]. Hien huet jorelaang zesumme mam Nico Graf an de Bommeleeëraffär recherchéiert an hat bis Enn 2016 eng wéchentlech Rubrik mam Numm Den Nol op de Kapp op RTL Télé Lëtzebuerg.[2]
De Marc Thoma krut 2003 d'Vermeil-Medail vum Ordre de Mérite fir 20 Joer Journalismus.
Filmer als Regisseur
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ Den Arrêt an der "Fierschteraffär" vum 29. Mäerz 2001 (fr) (en).
- ↑ Gabrielle Seil: "Post aus dem Himmel". Revue 10/2012, 10.03.2012.