Opertioun Pauly ass e Film vun der Unioun vun de Lëtzebuerger Resistenzbeweegungen asbl an de Filmengelcher asbl, ënnert der Regie vum Marc Thoma, deen och d'Dréibuch geschriwwen huet. De Film erzielt déi authentesch Geschicht vun der Flucht vu véier Häftlingen aus dem Ausselager Arolsen vum KZ Buchenwald.[1][2] Vum 18. September 2024 war de Film an de Lëtzebuerger Kinoen ze gesinn. D'Avant-Premiere war den 13. September 2024 am Festsall zu Kielen.
Ëm wat geet et am Film?
Déi zwéi Lëtzebuerger Nicolas Wolff[3] a Pierre Schaul hu refuséiert den Eed op den Hitler ze leeschten. Duerfir koume si als Resistenzler an d'KZ Buchenwald. E puer Méint méi spéit goufe s'an d'Ausselager SS-Führerschule Arolsen verluecht. Sonndes, de 4. Juni1944 si se zu véier zesumme mat dem Belsch Fernand Labalue an dem Pol Adolf Korzynski[4] geflücht. Si haten den Auto vun engem SS-Dokter, e Ford Eifel, deen ausser Betrib an der Garage stoung, heemlech gefléckt. Fir hir Flucht hu si sech och SS-Uniformen a Waffe geklaut. E geklaute Marschpabeier hate se sech heemlech getippt: General der Waffen-SS Pauli von der SS-Führerschule Berlin, in geheimer Mission mit drei Mann auf dem Weg nach Saarbrücken.
Kalbliddeg konnten si domat d'Lager verloossen. Si fuere Richtung Marburg a Richtung Rhäin fir bei Koblenz iwwer déi eenzeg a streng bewaachte Bréck ze fueren. Och dëst geléngt hinnen. Op der Hunsrückhöhenstrasse Richtung Tréier geet hinnen de Sprit aus. Duerno flüchten si zu Fouss weider a kommen de 5. Juni an der Géigend vu Morbach op Bischofsdhron. Do krute s'op engem Begriefnis eppes z'iessen an ze drénken ier se, zesumme mat der Schwëster aus dem Haus mam Zuch op Tréier gefuer sinn. Op der Tréierer Gare hate s'eng Stonn Openthalt an hunn an engem Lokal e Béier gedronk an du gouf et brenzeleg a si hu sech getrennt.
De Wolff an de Labalue konnte mat engem Gidderzuch bis op Waasserbëlleg flüchten an zu Fouss bis op Iechternach, wou si beim Schwoer vum Wolff ënnerkoumen. De Schaul an de Korzynski hunn de Wee bis op Dickweiler gepackt an hunn do bei der Famill Weydert eppes z'iesse kritt. Duerno gi se weider Richtung Fiels an iwwer d'Schinne vum Jangli bis op Kruuchten, wou se Owes géint 11 Auer beim Wolff sengen Elteren ukoumen.
Den 1. Juli 1944 hunn d'Nazie mat Hëllef vun enger Täterbeschreiwung intensiv no de véier Prisonéier gesicht an och eng Belounung vu 50.000 Reichsmark op si ausgesat.
Nom Krich huet de Labalue sech mam Pierre Schaul senger Schwëster Jeanne († 6. November 2015 zu Vottem) bestuet an huet zu Léck gelieft. De Korzynski huet eng Rei Joren zu Lëtzebuerg geschafft ier hien a Kanada ausgewandert ass.
Produktioun
D'Unioun vun de Lëtzebuerger Resistenzorganistaiounen asbl hat beim Filmfong eng Ënnerstëtzung vun 22.500 € ugefrot, déi se awer net kruten.[5][6][7] D'Kontrovers hätt och eppes mat der Persoun vum Marc Thoma ze dinn.[8]
Rezeptioun
De Film krut éischter negativ Kriticken. An der woxx schreift de Chris Lauer[9]:
...letztlich bleibt das Drama trotz der beeindruckenden und äußerst spannenden historischen Vorlage fade. Daran schuld ist nicht einmal seine schludrige DIY-Optik [...]. Vielmehr liegt es an den leider schwachen Leistungen der Laien- schauspieler*innen. [...] ihr ungelenkes und durchweg unglaubwürdiges Auftreten verhindert, dass man als Zuschauer*in in den Plot eintauchen kann, ja, mitunter sorgt es gar für unfreiwillige Komik [...]. „Operatioun Pauly“ ist ein Film, der zwar unabsichtlich, aber dafür umso stärker an der Grenze zum Trash entlangschrammt. Damit wurde das ganze Potenzial, das die historische Episode birgt, verschwendet – schade.
Dieser Luxemburger Film ist eine Heldengeschichte, die schlecht erzählt ist und daher sein Publikum wohl kaum berührt. [...] bei einigen Szenen glaubt man gar, es sei gefilmtes Dorftheater. Die bedrückende Stimmung des KZs, in dem Menschen zu Tode kommen, wird genauso wenig mit Kamera und Schauspiel vermittelt, wie die Ängste und Zweifel der Geflohenen, ihr Mut oder ihr Draufgängertum. [...] Aus dem brisanten Stoff hätte mehr werden können, hätte man sich angesichts der fehlenden Unterstützung auf einen Dokumentarfilm beschränkt.
De Chris Schleimer ass do dergéint am Tageblatt der Meenung:[11]
Dass es sich bei 'Operatioun Pauly' um einen Low-Budget-Film handelt, tut der Spannung keinen Abbruch, ganz im Gegenteil. Da die Flucht und die Aktionen der vier Häftlinge schon spektakulär – ja, eigentlich selbstmörderisch – waren, braucht es nicht viel drumherum.