Naturschutzgebitt Uewersauerdall Bruch-Misärsbréck

Naturschutzgebitt
Uewersauerdall Bruch-Misärsbréck
Land Lëtzebuerg
Plaz Bauschelt, Rammerech
Fläch 1.477,38 ha
Nationalcode ZH 16
Koordinaten 49°52'1,74"N, 5°47'27,74"O
Status Geschützt Zon vun nationalem Intressi
Geschützt zanter 19. Mee 2014

D'Naturschutzgebitt Uewersauerdall Bruch-Misärsbréck ass en Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg, an de Gemenge Bauschelt an Rammerech. D'Bestëmmunge vum Naturschutzgebitt goufen am Règlement grand-ducal vum 19. Mee 2014 festgehalen.[1]

Et handelt sech ëm en Areal vu 1477,38 Hektar, dat virun allem aus Fiichtwisen laanscht d'Sauer an e puer Niewebaachen, op hirem Laf tëscht dem Flouer Bruch (dëssäit vu Grumelange) a Misärsbréck besteet.

D'Naturschutzgebitt Uewersauerdall Bruch-Misärsbréck ass en Deel vun der Natura 2000-Zon LU0001007 "Dall vun der Uewersauer a Stauséi Uewersauer".

Referenzen

  1. Règlement grand-ducal du 19 mai 2014 déclarant zone protégée d'intérêt national et réserve naturelle, la zone humide «Vallée de la Haute-Sûre – Bruch/Pont Misère» sise sur le territoire des communes de Boulaide et de Rambrouch. op legilux.public.lu.