De Conzefenn ass en Naturschutzgebitt an de Gemengen Ëlwen a Wäiswampech. Nërd-westlech vu Wäiswampech läit tëscht der Wemperhaart a Wilwerdang an engem typeschen éislecker Dall vum Héichplateau e Fiichtgebitt rondrëm Quellberäicher vu Fenn- a Kailsbaach, dat zanter dem 31. Mäerz 2008 ënner Naturschutz steet.[1]