Deen dacks just Héichschoulministère genannte Ministère fir Fuerschung an Héichschoul (fr: Ministère de la Recherche et de l'Enseignement supérieur) ass e Ministère zu Lëtzebuerg.
Virum 17. November 2023 housch e Ministère de l'Enseignement supérieur et de la Recherche.
Allgemenges
De Ministère ass verantwortlech fir d'Organisatioun vun der Héichschoullandschaft zu Lëtzebuerg. Am Beräich vun den Héichschoulstudien accordéiert en déi finanziell Hëllefe vum Staat an deels och international Bourssen. En ass do dernieft zoustänneg fir déi auslännesch Héichschoultitelen a –qualifikatiounen unz'erkennen a fir déi national Politik am Beräich vun der ëffentlecher Fuerschung ze definéieren, ze koordinéieren an ëmzesetzen.
Kompetenz vum Ministère
D'Servicer a Verwaltungen déi ënnert d'Kompetenz vum Héichschoulministère falen, sinn am interne Reglement vun der Regierung festgehalen[1]. Dozou gehéieren ë. a.:
- Allgemeng Politik vun der nationaler ëffentlecher Fuerschung an den Héichschoulen:
- Formatioune fir de Brevet de technicien supérieur (BTS) a Coursen, déi vun den unerkannte spezialiséierte Fachhéichschoulen ugebuede ginn
- Héichschoul- an Universitéitsstuden: allgemeng Politik; Informatioun iwwer Héichschoul- an Universitéitsstudien; finanziell Ënnerstëtzung Héichschoulstudien; international Bourssen; Logementer fir Studenten an Doktoranden; Verwaltung vu private Boursse vu Fondatiounen; Relatioune mat de Studentenassociatiounen; Studentefoire
- Unerkennung vun auslännesche Studiecertificaten a Beruffsqualifikatiounen am Héichschoulberäich
- Sekundär Notzung vun Datë fir d'Fuerschung an d'Innovatioun
- Politik vun der „oppener Wëssenschaft“ fir wëssenschaftlech Donnéeën a Publikatiounen
- Berodungskommissiounen, ë. a.:
- National Ethikkommissioun
- Kommissioun fir d'Unerkennung vu Beruffsqualifikatiounen
- berodend Kommissioun fir Finanzhëllef fir Héichschoulstudien
Institutiounen ënner der Tutelle vum Ministère
Wirtschaftlech Interessevereenegungen
- Centre de gestion pour la formation continue et professionnelle universitaire
- Luxembourg Media and Digital Design Center (LMDDC)
- Plateforme nationale d'échange de données (PNED)
- Luxinnovation
- Institut de la propriété intellectuelle Luxembourg (IPIL)
Fondatiounen
- Max Planck Institute Luxemburg for International
- European and Regulatory Procedural Law
- Réseau télématique de l'Éducation nationale (RESTENA)
Anonym Gesellschaften
ASBLen
- Agence nationale pour le programme européen d'éducation et de formation tout au long de la vie (ANEFORE) (zesumme mam Educatiounsministère)
Kuckt och
Um Spaweck
- De Ministère op gouvernement.lu, der Websäit vun der Regierung
Referenzen an Notten
- ↑
Constitution des Ministères am Arrêté grand-ducal du 27 novembre 2023 portant approbation et publication du règlement interne du Gouvernement.
|
---|
Aktuell Ministèren | |
---|
Fréier Ministèren | |
---|
Kuckt och | |
---|
Um Spaweck | Constitution des Ministères am Arrêté grand-ducal du 27 novembre 2023 portant approbation et publication du règlement interne du Gouvernement. |
---|