De Ministère fir Energie a Landesplanung, dacks just Energieministère genannt, (fr: Ministère de l'Énergie et de l'Aménagement du territoire) war bis de 17. November 2023 e Ministère zu Lëtzebuerg. En huet engersäits d'Energiepolitik vum Land verfollegt a koordinéiert, haaptsächlech d'Ziler fir eng nohalteg energeetesch Versuergung sécherzestellen an en iwwerwaacht anersäits d'Koordinatioun vun de kommunalen, interkommunalen, nationalen an internationale Fachpoliticken, déi eng Auswierkung op d'Landesentwécklung hunn. En observéiert och de Suivi vun der raimlecher Entwécklung.
De Ministère gouf vum Ministère fir Wirtschaft a vum Ministère fir Wunnengsbau a ländlechen Ausbau ersat.
Allgemenges
Den Energie-Departement war zoustänneg fir eng sécher Versuergung a follgende Beräicher bäizebehalen an ze stäerken:
Déi eenzel Aktivitéitsberäicher vum Departement fir Landesplanung begräifen ë. a.:
- raimlech Strategien,
- verbindlech Pläng,
- stättesch a regional Entwécklung,
- Naturparken,
- grenziwwergräifend Landesplanung,
- europäesch territorial Zesummenaarbecht,
- international Landesplanungspolitik.
Kompetenz vum Ministère
D'Servicer a Verwaltungen déi ënnert der Kompetenz vum Energieministère waren, sinn am Arrêté grand-ducal vum 28. Mee 2019 festgehalen[1]. Dozou gehéieren ë. a.:
Kuckt och
Um Spaweck
- De Ministère op gouvernement.lu, der Websäit vun der Regierung
|
---|
Aktuell Ministèren | |
---|
Fréier Ministèren | |
---|
Kuckt och | |
---|
Um Spaweck | Constitution des Ministères am Arrêté grand-ducal du 27 novembre 2023 portant approbation et publication du règlement interne du Gouvernement. |
---|
Referenzen an Notten
- ↑ Arrêté grand-ducal du 28 mai 2019 portant constitution des Ministères. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 24.07.2021.