De Michel Breithoff, gebuer den 28. Abrëll 1923 zu Bäreldeng, a gestuerwen den 12. Oktober 1996 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Moler a Restaurateur, deen als Karikaturist ugfaangen hat.
Nom Krich, wärend dem hien dat Viischt vu sengem rietsen Aarm verluer hat, goung hien dräi Joer op d'Académie des Beaux Arts op Bréissel a duerno op d'École Nationale Supérieure des Beaux-Arts op Paräis. Dee Studium krut hie vun der Œuvre nationale de secours grande-duchesse Charlotte finanzéiert.
Bekannt si seng schwaarz-wäiss Tuschzeechnungen, wéi Bauerenhäff aus sengem Duerf Zéisseng, Vue vun Hollerech, Paräisser Brécken, Portraiten an Aktzeechnungen.
1970 huet hien, zesumme mam Gust Graas, de Prix Grand-Duc Adolphe kritt.
Um Spaweck
Kuckt och