|
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Moler a Manager Gust Graas. Fir de Politiker Gusty Graas, kuckt wgl. Gusty Graas.
|
De Gust Graas, gebuer den 19. Dezember 1924 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen den 18. Februar 2020[1],[2], war e lëtzebuergesche Moler a Manager.
Karriär
No der Liberatioun, 1944, huet de Gust Graas zu Léiwen a Paräis Droit studéiert, an dono als Affekot an der Stad Lëtzebuerg geschafft. 1952 gouf hie Generalsekretär vun der Compagnie Luxembourgeoise de Télédiffusion (CLT), an 1975 där hire Generaldirekter. 1983 huet hien RTL Television mat op d'Bee gestallt. Hie war och, zesumme mam Roger Sietzen, Grënner vun der Luxair.
Als Moler war hien Autodidakt.[3] Hie gouf Member vum Cercle Artistique de Luxembourg (CAL) an huet vun 1963 un op de Salone vum CAL ausgestallt.[4] 1970 huet hien, zesumme mam Michel Breithoff de Prix Grand-Duc Adolphe kritt.[5]
Hien huet d'Bicher Notes d'Atelier (1993) a Les Années Espagnoles (2003) publizéiert.[6]
Säi Wierk
Ausstellungen zu Lëtzebuerg, Esch, Bréissel, Paräis, Palma, Barcelona
Literatur
Graas Gust: Notes d'atelier & peintures, 1993, Imprimerie Saint-Paul
Auszeechnungen
Kuckt och
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ "De Gust Graas ass am Alter vu 95 Joer gestuerwen. rtl.lu, 19.02.2020 20:01
- ↑ Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 25. Februar 2020
- ↑ Lambert Herr (2001) Signatures, portraits et auto-portraits : artistes plasticiens au Luxembourg. Luxemburg: Éditions Saint-Paul. ISBN 2-87963-382-6, S. 110-111. Archivéiert 2023-05-28.
- ↑ Jos Welter, red. (1993) Rétrospective : Cent ans d'art luxembourgeois 1893-1993. Luxembourg: Cercle Artistique de Luxembourg / Crauthem: Lux-Print. ISBN 2-919970-24-0.
- ↑ "Les lauréats du Prix Grand-Duc Adolphe", Luxemburger Wort 12 mai 1971.
- ↑ "Graas Gust", MediArt, Agence de Promotion Culturele. Archivéiert 29.06.2023.
- ↑ Personalien - Gust Graas. D'Lëtzebuerger Land. eluxemburgensia.lu (15. Juli 1988). Gekuckt de(n) 21.11.2023.
- ↑ Gust Graas honoré op agefi.lu