Geographesch läit déi nordsaarlännesch Kreesstad Merzig tëscht Saarbrécken an Tréier (jee 50 Kilometer ewech) am Dall vun der Saar. Metz a Frankräich a Lëtzebuerg sinn och jee 50 Kilometer ewech. D'Stadgebitt erstreckt sech vun dësem „Merziger Becken“, an deem riets a lénks vun der Saar déi gréisser Staddeeler sinn, iwwer am Ganzen 108 km² bis zu de riets a lénks opsteigenden Héichte vum Saargau. Am Stadkär läit Merzig 175 m iwwer dem Mieresspigel, d'Gauhéichte klamme bis op 417 m erop. 3.108 ha Bësch, 60 ha Erhuelungsfläche wéi Park- a Grénganlagen, 5.862 ha landwirtschaftlech Flächen a Gäertnereien an 128 ha Waasserfläche maachen aus Merzig mat engem Gréngflächeprozentsaz vun iwwer 80 eng grénger Stad.[2]
De Joresnidderschlag ass 882 mm. Den dréchenste Mount ass de September. Am meeschte reent et am November.
Geschicht
369
Martiaticum
870
Martia
1338
Mertzige
1478
Mertzych
1497
Mertzig
1499
Mertzigh, Mertzych
Déi eelst Nennung vu Merzig fënnt sech lt. Kell an engem Befeel vum westréimesche KeeserValentinians, wärend sengem Openthalt zu „Mansio praedium Martiaticum“ de 4. Juni369. Ausgangs vum Merchinger Dall am Distrikt Hangenfeld hëlt een un, datt eng réimesch Siidlung stoung, well am Beräich vum Zesummenfloss vum Ritzerbach mam Seffersbach verschidde réimesch Saache fonnt goufen.
De Charles de Plakkapp hat d'Kroungut Merzig dem Tréierer Äerzbëschof Bertolf bei vu senger Bëschofswei am Joer 869 geschenkt. Am 12. an 13. Joerhonnert hat dem Kurfürst d'Ministerialgeschlecht vu Merzig gedéngt. Dem Äerzbëschof vun Tréier hunn déi Merziger Vogteirechter gehéiert. Merzig war a siwe Vogteien opgedeelt: d'Vogtei vum Äerzbëschof, déi vereenegt Schultheißerei mat der Montclairer Vogtei, d'Rischerei, d'Mettlacher Vogtei, d'Brückerei an d'Propstei.
Wopen
Blasonéierung: A véier gedeelt, uewe riets an ënne lénks a Sëlwer en duerchgoend rout Kräiz, uewe lénks an ënne riets a Sëlwer e schwiewent schwaarzt Duebelkräiz.
Dat rout Kräiz steet fir d'Äerzbistum Tréier an dat schwiewent schwaarzt Duebelkräiz steet fir d'Herzogtum Loutrengen.
Kierch St. Peter; dräischëffeg spéitromanesch Basilika, ongeféier 1190-1230, mat barockem Parhaus. Bedeitendst romanesch Kierch am Saarland. Kuckeswäert bannen: Gotescht Peschtkräiz aus dem 14. Joerhonnert, Molereien am Stil vun der Nazarener Schoul.
Historescht Stadhaus („Altes Rathaus“), Gebaut 1647-1649 als kurfürstlecht Juegdschlass fir den Tréierer Äerzbëschof Philipp Christoph von Sötern; sechs-achsegt Gebai mat zwéi staarken Ecktierm.
Verschidde Barockgebaier wéi d'Halfenhaus (fréier. Hafenkneipe), Staadt-Marxsches Bürgerhaus, Hilbringer Schlösschen, Abteihaff Besseringen („Zehnt-Haus“), fréier Wunnhaus vum Christian Kretzschmar an der Tréierer Strooss (all 18. Joerhonnert)
Verschidde Gebaier aus dem 19. a fréien 20. Joerhonnert wéi Villa Fuchs, evangeelesch Kierch, Kierchen zu Hilbringen a Besseringen, Loutrenger Haff, Gare, Haaptgebai vum fréiere Landspidol, Jugendstilhaiser an der Tréierer Strooss, fréier Gebeessfabréck (fréiert Klouschter)
Verschidde Kapelle wéi d'Mariekapell, Heilig-Kreuz-Kapell, Kreuzbergkapell, Josefskapell, Harlinger Kapell, Al Wellinger Kapell
De Biergerpark zu Besseringen, de Gaart vun de Kënschten am Museum Schlass Fellenberg, de Gaart vun de Sënnen an de Pargaart St. Peter si besonnesch kuckeswäert.
B-Werk Besseringen (Westwall-Bunkeranlag), op der B 51 tëscht Merzig a Besseringen
Klouschter St. Gangolf, tëscht Besseringen a Mettlach
Bietzener Heilquell op der B 51 a Richtung Beckingen
Buedlandschaft „Das Bad“
Naturbad Heilborn
Reegelméisseg Evenementer
Vizfest (Gréisst Veräinsfest am Saarland)
Hafefestival (Groussevenement mat Draachebootcourssen an der Merziger Hafemeil)
Pannenflicker-Fest (Kiermes a Veräinsfest zu Schwemlingen)
Freeschenfeschd (Grousst Veräinsfest zu Brotdorf)
Heem- a Lënsefest (Grousst Veräinsfest zu Besseringen)
Wirtschaft an Infrastruktur
Verkéier
Merzig ass iwwer d'Bundesautobunn 8 (Perl - Stuttgart) an d'Bundesstrooss 51 (Bremen - Sarreguemines) un dat iwwerregionaalt an internationaalt Stroossennetz gutt ugebonnen.
Merzig lait op der Saarstreck an huet dräi Garen, dovun zwou zu Merzig (Merzig (Saar), Merzig-Stadmëtt) an eng am Merziger Staddeel Besseringen. Bei éischteren handelt et sech ëm eng Gare mat ugeschlossener Busgare, allerdéngs eppes ewech vum Stadkär. Hei halen all RE- an RB-Zich vun der Däitscher Bunn (DB). Sou ergëtt sech ongeféier all hallef Stonn en Uschloss a Richtung Saarbrécken, Homburg an Tréier. Zanter 2000 ass och e Garehaltpunkt „Merzig-Stadtmitte“ a Betrib. Hei halen nëmme Regionalbunnen.
Wäibau
Am Fréijoer 2007 gouf um Kreuzberg en historesche Wéngert nei ugeplanzt. Domat ass Merzig no Saarfels[3] (Beckingen) déi zweet Uertschaft am Saarland, déi d'Traditioun vum Wäibau op der Saar südlech vum etabléierten Ubaugebitt Musel-Saar-Ruwer nees opliewe léisst. De Wäin huet Qualitéitsbezeechnung Saarländischer Landwein.[4]
Organisatiounen
Hire Sëtz zu Merzig hunn follgend Organisatiounen:
All Dag gi 6.500 Studenten zu Merzig an d'Schoulen. Weiderhin existéieren 18 Crêchen a Spillschoulen déi entweeder der Stad oder der Kierch ënnerstinn, oder sougenant fräi Crêche sinn.