Si krute 6 Duechteren, woumat dat protestanteschtHaus Nassau zu Lëtzebuerg ausgestuerwen an d'Herrscherhaus kathoulesch ginn ass, wéi dat am Bestietnesvertrag virgesi war:
Marie-Adélaïde (1894–1924), Groussherzogin vu Lëtzebuerg vun 1913-1919
d'Prinzessin Sophie (1902 - 1941), déi den Ernst vu Sachsen bestuet huet.
De 17. November1905 gouf d'Marie-Anne Grande-duchesse consort. Hire Mann war mat der Gesondheet geplot, a sou iwwerhëlt si den 2. Abrëll 1908 als Lieutenant-Représentant seng Amtsgeschäfter, bis se den 18. November1908 d'Regence iwwerholl huet[1].
Nom Doud vum Wëllem de IV., de 25. Februar1912, blouf d'Marie-Anne Regentin bis zur Groussjäregkeet vun hirer eelster Duechter, der Marie-Adélaïde. Dës gouf de 15. Juni vum selwechte Joer Groussherzogin.
D'Maria Ana vu Bragança ass 1942 zu New York gestuerwen. Si gouf den 22. Oktober1947 op Lëtzebuerg iwwerfouert an an der Kathedral an der Stad begruewen.
Literatur
Jean-Louis Scheffen, Grundstein einer neuen Dynastie - Vor 125 Jahren „feierlicher Einzug“ von Wilhelm IV. und Maria-Anna von Braganza am Luxemburger Wort vum 21. Juli 2018, S. 18-19