Marc Olinger
De Marc Olinger, gebuer de 6. Januar 1946 zu Lëtzebuerg, a gestuerwen den 8. Januar 2015 zu Lyon[1],[2],[3], war e lëtzebuergesche Film- an Theaterschauspiller a Regisseur. De Marc Olinger war viru senger Schauspiller- a Regisseurscarrière 15 Joer laang Lycéesprofesser. Hien ass 1972 ee vun de Matgrënner vum TOL gewiescht a war bis 1985 Direkter dovun. De Marc Olinger war Direkter vum Kapuzinertheater bis 2010[1]. Hien huet och mam Fernand Fox an enger Rei vu Filmspote fir eng lëtzebuergesch Assurance matgespillt a war eng Zäitche Presentateur an der Kichesendung op RTL Hei-Elei. Hie war mat der Claudine Pelletier bestuet. Filmer (Auswiel)als Regisseur
als Schauspiller
Reklammsfilmer fir eng AssuranceZesumme mam Fernand Fox huet de Marc Olinger d'"Haaptrollen" an enger Serie vu Reklammsfilmer fir eng Assurance. Dës Kuerzfilmer si meeschtens Parodien op Blockbuster-Filmer. Nom Ben Hur, Indiana Jones an dem Dances with Wolwes
Literatur
Gielercher
Um SpaweckReferenzen
Information related to Marc Olinger |