|
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
|
De Gaston ("Gast") Rollinger, gebuer de 26. Juni 1946 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen de 25. Oktober 2024[1][2], war e lëtzebuergesche Lycéesprofesser, Filmregisseur a Schrëftsteller.
Liewen a Karriär
De Gast Rollinger war Professer fir Englesch an Däitsch am Escher Jongelycée.
Vun 1982 bis 1994 war hie Kameramann a Regisseur bei RTL.
Hien huet säi Liewe laang an der Hiel (Quartier Grenz) zu Esch gewunnt. Seng Gedichter a Kuerzfilmer hunn dann och dacks dëse Mikrokosmos, tëscht de Minettsgrouwen, dem Ellergronn an der fréierer Brasseurs-/Terre-Rouge-Schmelz, seng Natur a seng Mënschen, als Sujet.[3]
Säi Liewensmotto war en Zweezeiler aus dem Gedicht Melancholie vum Gottfried Benn: "Du musst alles aus deiner Gegend mitnehmen, denn auch von Reisen kommst du leer zurück".[4]
Seng Filmer
Tëlee-Filmer
Kuerzfilmer (Auswiel)
Seng bis ewell net-publizéiert Filmer - iwwer dausend Filmspullen a Kassetten - huet hien dem CNA iwwerdroen.[4]
Gedichter
De Gast Rollinger huet och Gedichter geschriwwen. 23 dovu goufe vum Fränz Hausemer vertount an 2024 um Album Däischter Deeg publizéiert.[3]
Gielercher
Literatur
Referenzen an Notten
- ↑ Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 29. Oktober 2024, S. 29
- ↑ RIP, Gast Rollinger ass am Alter vun 78 Joer gestuerwen. rtl.lu (27.10.2024). Gekuckt de(n) 27.10.24.
- ↑ 3,0 3,1 Däitschter Deeg op literaturarchiv.lu.
- ↑ 4,0 4,1 Marc Thill (2024) an der Literatur.