Déi éischt Lëtzebuerger, déi op Chicago koumen, sinn entweeder 1842[2] oder 1846[3] laanscht d'"Ridge Road" immigréiert[4], déi deemools just nërdlech vu Chicago war. Kuerz no deem grousse Brand vu Chicago am Oktober 1871 hu Parmembere vun der "St. Michael's Church" zu Chicago déi éischt lëtzebuergesch-amerikanesch Organisatioun an den USA gegrënnt, de Luxemburger Unterstützungsverein[3]. Aner Organisatiounen, wéi d'Luxembourg Brotherhood, goufen duerno gegrënnt. Vill Lëtzebuerger ware Réimesch Katholicken, an déi éischt initial Well vun Immigranten huet nieft den Däitschen op Plaze wéi der Alstad gelieft, huet awer méi spéit probéiert, sech vun den Däitschen z'ënnerscheeden[5]. Nom Feier si si méi nërdlech a Gebidder wéi "Rogers Park" geplënnert. Am Joer 1880 gouf et ongeféier 500-700 Lëtzebuerger zu Chicago[6] a bis 1900 war déi Zuel op ongeféier 16.000 geklommen[7]. D'Majoritéit vun den Immigrante koum aus dem Muselgebitt[8], dat un Däitschland grenzt.
Vill Lëtzebuerger waren deemools mam Ubau vu Planzen an Zäre beschäftegt, esou vill datt bis 1910 déi meescht vun den 100 Zären zu Chicago Lëtzebuergeschen Amerikaner gehéiert hunn[10][11][12]. E puer sinn nach bis haut a Betrib[13].
Kulturell Institutiounen
d'Kierch vum hellege Gregor de Groussen (Gregor I.)[14], déi 1904 gegrënnt gouf
D'Luxemburger Zeitung, méi spéit als Luxembourg Weekly bekannt, huet 1899 zu Chicago ugefaangen, mat engem nationalen Abonnement per Post vun 1902 un. Se gëtt nach ëmmer publizéiert, ënner dem Numm "Luxembourg News of America"[21].