D'Lëtzebuerger Musekspräisser sinn eng Rëtsch Präisser am Beräich vun der Musek, déi zanter 2022 op Initiativ vum Lëtzebuerger Kulturministère all dräi Joer vergi ginn[1].
Virgänger
Schonn 2007 gouf an 2018 gouf mat den Elie Music Awards, respektiv de Luxembourg Music Awards, zwéin national Musekspräisser an d'Liewe geruff, mee vu béiden Evenementer gouf et nëmmen eng eenzeg Editioun.
De Lancement vun de Lëtzebuerger Musekspräisser ass en Deel vun engem neien Effort vum Kulturministère, fir Lëtzebuerger Kënschtler Unerkennung ze ginn. Si alignéiere sech mat enger Rei anere Kulturpräisser, déi de Ministère an d'Liewe geruff huet, mat de Lëtzebuerger Theaterpräisser (2021) an dem Lëtzebuerger Konschtpräis (2022).[2]
Organisatioun
Bei de Lëtzebuerger Musekspräisser handelt et sech ëm 5 verschidde Präisser a follgende Beräicher:[3]
den Nationale Musekspräis, mat deem e Kënschtler fir seng Karriär, säi Wierk oder säin Engagement an der Lëtzebuerger Musekszeen ausgezeechent gëtt;
de Präis fir en Nowuesstalent;
de Präis Op der Bün fir een oder eng Grupp vu Kënschtler (Auteuren, Komponisten an/oder Interpreten) fir e besonnesch gelongene musekalesche Projet;
de Präis Hannert der Bün fir Toun- oder Luuchttechnicker, Manager, Produzenten, asw.
de Präis Fräizäitmusek fir en aussergewéinlecht oder nohaltegt Engagement vun enger oder méi Persounen am Beräich Musek wärend hirer Fräizäit.
Bis op den Nationale Musekspräis gi prinzipiell Leeschtungen aus de vergaangenen dräi Joer priméiert. Eligibel si Lëtzebuerger, Leit déi zu Lëtzebuerg wunnen oder déi e besonnesche Bezuch zum Land hunn. Fir déi éischt Editioun hunn eng 40 Leit aus dem Museksmilieu hir Virschléi agereecht, aus deenen eng Shortlist zesummegestallt gouf, a wouraus dann déi 5 Laureaten ausgesicht goufen.[3]
↑ 1,01,1Art. 1 aus dem Règlement des Lëtzebuerger Musekspräisser vun 2022: « En 2022 le ministère de la Culture attribue pour la première fois les Lëtzebuerger Musekspräisser qui seront remis à rythme triennal ». Firwat no 2022 schonn 2024 eng nächst Editioun organiséiert gouf, ass net bekannt.