Daniel Migliosi

Daniel Migliosi
Den Daniel Migliosi, um Veianer Schlass den 11. Dezember 2022
Gebuer 23. Juli 2004
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Trompettist, Komponist, Arrangeur

Den Daniel Migliosi, gebuer den 23. Juli 2004 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergeschen Trompettist, Komponist an Arrangeur.

Liewen

Den Daniel Migliosi gouf an enger musikalescher Famill gebuer. Am Alter vun 9 Joer huet seng musikalesch Ausbildung ugefaangen. No éischte Schrëtt an der Keeler Duerfmusek an an der regionaler Museksschoul ass hien an den Escher Conservatoire an an de Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg gaangen. 2019 krut en eng Bourse vun der "Brassweek Samedan"[1] an der Schwäiz, wou hie bei den Trompettiste Gábor Tarkövi, Laura Vukobratovic, Frits Damrow, Wolfgang Guggenberger, Klaus Schuhwerk a Benny Brown an de Coursë war.

Mat 16 Joer krut den Daniel Migliosi am Joer 2020 eng Derogatioun vum Educatiounsministère, fir parallel zur Secondairesschoul op der Kölner Héichschoul fir Musek an Danz kënnen ze studéieren, wou hien an de Klasse vun de Professeren Andy Haderer a Matthias Bergmann war. Am selwechte Joer gouf hien éischten Trompettist vum Jugendjazzorchester Saar an ass mat senger Band Retrospective 5tet opgetrueden. 2021 huet hien den Daniel Migliosi 5tet gegrënnt.

Zu senge Virbiller zielen ë. a. de Miles Davis, Joe Henderson, Joel Ross, Immanuel Wilkins, Walter Smith III, Ambrose Akinmusire, Philip Dizack, Branford Marsalis, Lee Morgan an de Blue Mitchell.

Jazzgruppen

Retrospective 5tet

Daniel Migliosi 5tet

  • Daniel Migliosi (Trompett)
  • Adrian Gallet (Tenorsaxophon)
  • Benedikt Göb (Piano)
  • Jan Blikslager (Kontrabass)
  • Mathieu Clement (Schlogezei)

Discographie

  • 2022: Left On Scene. Album, CD. Label: Mons Records LC06458 (Debut album)[2]
  • 2024: On The Edge. Album, LP. Ouni Label.

Auszeechnungen

2024 gouf hie mam Lëtzebuerger Musekspräis, dee vum Kulturministère organiséiert gëtt, an der Kategorie „Nowuesstalent“ ausgezeechent.[3]

Literatur

  • Kölsch, Thomas, 2023. Reifeprüfung. Daniel Migliosi veröffentlicht noch vor dem Abi sein Debüt. Jazzthetik Magazin #310, Januar/Februar 2023.

Um Spaweck

Commons: Daniel Migliosi – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. https://www.brassweek.com
  2. https://monsrecords.de/en/daniel-migliosi-left-on-scene-2/
  3. (fr)Succès total pour la deuxième édition des Lëtzebuerger Musekspräisser. mcult.gouvernement.lu (20.12.2024). Gekuckt de(n) 21.12.2024.