De Projet gouf 2019 vun der deemools siwwenzéngjäreger Schülerin Jana Bahrich zesumme mam Batteur Chris Hewett gegrënnt. Si ass eng Kanadierin, déi an der Belsch gebuer gouf an 2014 op Lëtzebuerg geplënnert ass.[1] Zu Lëtzebuerg war si an der selwechter Schoul wéi d'Duechtere vum Batteur Chris Hewitt, deen ursprénglech vu Seattle kënnt. Zesummen hu si séier ugefaange Musek ze maachen.[2],[3] Nach am selwechte Joer hu Francis of Delirium um Newcomerconcours Screaming Fields matgemaach an do de Präis fir déi bescht Live-Performance gewonnen. Och de Song Contest hu si do gewonnen. Domat krute si d'Méiglechkeet, e Lidd am Tounstudio vun der Rockhal professionell opzehuelen, e Videoclip ze dréinen an d'Joer drop live an der Rockhal opzetrieden.[4]
Am Januar 2020 gouf déi éischt Single Quit Fucking Around an de Museksvideo verëffentlecht. Eleng op Spotify gouf et iwwer 1,8-milliounemol gestreamt. Och déi zweet, drëtt a véiert Singelen, Circles, Ashamed a Karen, kruten all e Museksvideo. Et waren Extraite vun der EPAll Change, déi am Juni 2020 beim brittesche Plackelabel Dalliance Recordings op de Maart koum. D'EP behandelt negativ Gedankemusteren a wéi s'all Aspekt vun enger Persoun hirem Liewen iwwerhuele kënnen. All Lidd dréint sech op déi eng oder aner Manéier ëm dat Theema.[5]
Déi zweet EP Wading hu Francis of Delirium am Abrëll 2021 verëffentlecht. Den Extrait Let It All Go krut e Video a Claymation-Technik. Am selwechte Joer ass den Duo och e puermol zu Lëtzebuerg an a Groussbritannien opgetrueden. Am Oktober 2021 goufe s'um brittesche Radiosender BBC Radio 1 virgestallt an interviewt.[7],[1]
Och d'Joer drop hate si eng ganz Rei Concerten am Vereenegte Kinnekräich, haaptsächlech als Virgrupp vun der Rocksängerin Soccer Mommy, an och an den USA, Frankräich an anere Länner hu si gespillt. Och op den Escher Francofolies si s'opgetrueden. Donieft hu se d'EP The Funhouse am Abrëll 2022 erausbruecht. Bei de Lëtzebuerger Musekspräisser 2022 ware Francis of Delirium direkt an zwou Kategorien nominéiert: "Op der Bün" an "Nowuesstalent". Och bei den europäesche Musekspräisser Music Moves Europe Awards vun der Europäescher Unioun war si als éischte lëtzebuergesche Kënschtler nominéiert.[8]
2023 hu Francis of Delirium d'Lidder Real Love a First Touch erausbruecht. De Rares Matei an d'Jana Bahrich hunn zesummen de Clip vum Titel Real Love gedréint, dee méi a Richtung Indie-Pop geet.[9]
Den Numm Francis of Delirium ass inspiréiert vun enger Erfarung aus der Kandheet vun der Sängerin. Deemools huet eng Fra mam Numm Francis, déi am Altersheem vun der Jana Bahrich hire Grousseltere gewunnt huet, hir wärend hire Visitte Beleidegungen nogeruff.[3],[10]