Deckblat vun Heimatsagen (1929), mat enger Illustratioun vum Antoine Jans .
De Léon (Leo) Berchem , gebuer de 17. Abrëll 1897 zu Diddeleng , a gestuerwen den 13. September 1961 an der Stad Lëtzebuerg , war e lëtzebuergeschen Auteur.
De Léon Berchem huet als Comptabel bei der ARBED geschafft. Hien huet zesumme mam Michel Molitor lëtzebuergesch Soen a Legende gesammelt an Theaterstécker a Gedichter geschriwwen.
Säi Jong ass de Moler a Sculpteur Pierre Berchem .
Publikatiounen (Auswiel)
De Klautjen vun Itzeg. Eng âl letzeburger Sô an drei Akten. Dummeldeng 1927.
Heimatsagen. Blütenlese aus dem Luxemburger Sagen- und Legendenschatz. Luxemburg 1929, 145 S. (zesumme mam Michel Molitor).
Heimatsagen. Neue Auslese aus dem Luxemburger Sagen- und Legendenschatz. Grevenmacher 1932, 140 S. (zesumme mam Michel Molitor).
Gielchen
Literatur
Kuckt och
Referenzen
↑ Doudesannonce vum Léon Berchem am Luxemburger Wort vum 15. September 1961 op der Säit 6 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 2. Januar 2023